Ënner Zäitdrock an agespaart mat sengen Matspiller, Rätselen léisen, do kënnt een séier an d'Schweessen. Sou een Adrenalinkick fënnt een zu Esch Belval am Escape Room an der Massenoire.

09/08/2022 Escape Room Massenoire Belval

Am Kader vun Esch 2022 an ënnert der Thematik vun der Nohaltegkeet, gouf een Escape Room vun der Rotterdam School of Management vun der Erasmus Universitéit an dem Amaze Escape ausgeschafft. Studenten, Professeren an Escape Room Entwéckler hu sech zesummengedoen an dëse Projet an d'Liewen geruff. Et ass een Projet, deen den Afloss vun eisem alldeegleche Konsum weist an deen un den Ziler vun der UN orientéiert ass.

Bis Enn September ass déi ominéis Këscht nach an der Massenoire ze fannen.