Vum 22 bis den 31. Juli, hu sech méi wéi 10.000 Polizisten a Pompjeeën aus 70 verschiddene Länner bei de World Police & Fire Games zu Rotterdam gemooss. Dat an iwwer 60 ënnerschiddleche Sportsdisziplinnen. Ënnert hinne war och de Lëtzebuerger Policebeamten Nico Crelo.

09/08/2022 World & Police Games 2022

Den Nico Crelo konnt a verschiddene Schéissdisziplinne ganzer 6 Goldmedaile, wéi och eng Sëlwer- an zwou Bronzemedaile gewanne. Mir hu mat him iwwert säi Triumph bei de World Police & Fire Games geschwat, a wat et genee mat dem Event op sech huet.

D’World Police & Fire Games, déi och als Police- a Pompjeeësolympiade bekannt sinn, ginn zanter 1985 ofgehalen. Ëm wat et genee bei dem Event geet, huet den Nico Crelo eis erkläert.

«D’World Police & Fire Games fannen all 2 Joer an enger ganz grousser Metropol statt. Iwwer 65 Sportaarte stinn do um Programm fir jiddereen aus dem Service vun der Police, de Pompjeeën, der Douane an och d’Beamten aus dem Strofvollzuch. Sief dat am Eenzel wéi och an de Mannschaftssportaarten, wou eng ganz Partie dovunner beruffsspezifesch ausgedroe ginn. Natierlech stinn hei och d’Medailen an déi verschidden Titel vun all Athlet am Fokus. Frëndschaft gëtt donieft awer ganz ganz grouss geschriwwen. Dat ass einfach dann och déi Zilsetzung, déi do och nach mat gesat gëtt.»

De Policebeamten ass zanter 2011 dobäi. Bei senger éischter Participatioun zu New York konnt hien eng Sëlwermedail ergatteren an huet zanterdeem keng Editioun verpasst. Seng Spezialitéit ass dobäi d’Schéisse mat de Grousskaliber-Kuerzwaffen.

«A 6 Disziplinnen hunn ech deelgeholl. Déi Disziplin ass de PPC 1500, dat ass de Police Pistol Combat. Dann hunn ech deelgeholl am PAP, dem Police Action Pistol. Am PPC waren dat 6 Eenzeldisziplinnen an do konnt ech effektiv 6 mol Gold mat Heem huelen. Ech hunn dat geschoss mat der Pistoul an och mam Revolver.»

D’Freed iwwert déi 6 Victoirë war beim Nico Crelo natierlech enorm.

«Dir musst iech dat virstellen. Do gëtt ee 6 mol op de Podium geruff well ee Gold gewonnen huet. Dat ass eng immens Freed wann een do scho weess, dass déi 6 Disziplinnen, do wou ech dann och geschoss hunn och gewonnen hunn. Enplus war ech immens stolz wa mäin Numm geruff ginn ass an da gesot ginn ass: Vu Lëtzebuerg. Dat war einfach emotional. Dat ass einfach nëmme flott an ass och nëmme sou ze beschreiwen. Duerno muss een dat einfach e bësse sacke loossen an da sech Gedanke maache wou et awer net richteg gelaf ass.»

Och wollte mir wëssen, wéi ee sech op esou eng Competitioun virbereet. Hei am Land sinn d’Trainingskonditiounen nämlech net onbedéngt ideal.

«Ech trainéiere reegelméisseg heiheem an engem Veräin. Leider kann ech déi doten Disziplinnen absolut net 1 zu 1 trainéieren, dat geet leider net. Ech sinn dofir awer gezwongen an d’Ausland ze fueren an da fueren ech richteg Matcher dann och schéissen an Däitschland, Éisträich, an d’Schwäiz, Holland an d’Belsch. Dat ass dann ee richtege Wettkampf an ech huelen déi da fir mech eben als Training.»

Op sengem Erfolleg ausroue well sech den Nico Crelo allerdéngs net. Fir 2023 steet fir hien nämlech schonn déi nächst Editioun vun de World Police & Fire Games um Programm. Dës Kéier zu Winnipeg a Kanada.