Sangt der gären? Dreemt der dovunner eng Kéier kënne mam Mikro am Grapp op der Bün ze stoen a virun engem grousse Public bekannt ze ginn? D'Stad Déifferdeng organiséiert mat "Direct FM" den 3. September e Casting fir d'Sendung 'The Voice' an och 'The Voice Kids' op TF1.

11/08/2022 The Voice - Casting zu Déifferdeng

De Casting ass also op fir Grouss a Kleng, an zwar ab dem Alter vu 5 Joer.

Bis den 21. August kënnen d'Kandidaten e klenge Video vun e puer Minutten vun sech an hirem Gesangstalent eraschécken, op thevoice@radiodirect.net.

Wann een dann zu de 40 auserwielte Sänger oder Sängerinne gehéiert, dann ass ee beim grousse Casting den 3. September mat derbäi, wou de Bruno Berberes, Casting Direkter vun The Voice da matentscheet wien zeréckbehale gëtt fir d'Emissioun.

Am Kader vum DiffBeach vum 28. Juli bis de 4. September op de Maartplaz ass dann och de selwechten Dag e klengen Ofschlossconcert.
Et ass virgesinn, dass The Voice Kandidate vum leschte Joer hei optrieden, a mat zwee Kandidaten déi den 3. September zu Déifferdeng zeréckbehale ginn, eng gutt Stonn zesumme sangen an de Concert ass gratis.

Weider Informatiounen iwwert de Casting vun The Voice an The Voice Kids, fannt der um Internetsite vun der Gemeng Déifferdeng.

RTL

© differdange.lu