Deen éisträichesche Fotograf Alfred Seiland bereest a fotograféiert historesch Lieuen uechter déi ganz Welt. Jorelaang huet hien d'Spueren vum réimesche Welträich erfuerscht, ma zanter 2017 beschäftegt hien sech mam Zesummespill vun der Vergaangenheet an der Géigewaart vum Iran.

Am MNHA kann een den Ament eng 60 Fotoen entdecken, déi déi lescht Joren iwwer wärend senge Reesen entstane sinn.
D'Sandy Elsen iwwer de Fotograf a seng Ausstellung "Iran between times".

12/08/2022 Expo Iran between times

D'Ausstellung leeft nach bis den 11. September.