Den Ament si vill Farschüler, déi sech an de Farschoule ploe musse fir sech un déi manuell Gangschaltung ze gewinnen. Mee d`Deeg vun der Handschaltung si gezielt. Laura Lessyn

11/08/2022 Manuell oder just nach automatesch? (Internet)

An de Farschoulen bilden d'Fahrlehrer zanter enger Zäitchen den Automatesche Fürerschäin aus. De B-Manuell ass awer nach am meeschten gefrot bei de Leit. Ma gewëssen Hiersteller, wéi zum Beispill Mercedes wëlle vum nächste Joer u keng Manuell-Boîte méi verkafen. Wat genee bedeit dat elo fir de manuelle Fürerschäin hei zu Lëtzebuerg? De Manuel Ruggiu vun der SNCA erkläert:

"Dat huet direkt keen Impakt, vu que dass een elo ufänkt de Fuerpark dann op Automatik ëmzeschalten. Mee ob de Fürerschäin huet dat lo keen Impakt , well och déi Leit, déi elo de Fürerschäi maachen, déi e mat Manueller-Boîte maachen, kënnen nach ëmmer Automatik fueren och wann deen elo méi spéit op de Marché kommen. Elo en direkten Impakt op den Führerschäin huet dat net. Dat dauert warscheinlech Jore bis och aner Hiersteller op Automatik ëmschalten. An de Fuerpark sech ëmmer méi op Automatik ëmstellt, da wäerte mir en Impakt gesinn. Awer an den nächste Joren ass do keen Impakt ze erwaarden."

 

Eis Zukunft ass net mäi manuell ,déi Manuell-Boîte wäerten ëmmer méi verschwannen, wéinst der Elektro Ëmstellung, déi keng Gangschaltung besëtzen. An och d'Autosproduzente setzen ëmmer méi op Automatik, well déi Automatik-Boîten hautzedaags op engem gudden Niveau sinn,  och aus ökologesche wéi wirtschaftleche Grënn, mä och aus Bequeemlechkeet.

"D`Automatik-Boîte ass och vill méi conviviable fir de Fuerer, ech mengen am STOP and GO an alles, ass dat en anert  Fueren wei ëmmer dat Kuppelen, schalten an alles. An et bréngt am Fong ganz vill Virdeeler et kann ee sech méi op d'Strooss konzentréieren an net op d'Schalten. An dat ass eng Saach souwuel ökologesch wei och ekonomesch an och fir de Fuerspaass an och fir d'Fuere selwer ass et vill méi agreabel."

Den Automatiksführerschäin kënnt dann elo ëmmer méi, duerf ech dann mat engem automatiséierte Fürerschäin trotzdeem e manuellen Auto fueren, well dës Manuell-Boîten ëmmer nach um Occasiouns-Maart wäerte bestoe bleiwen?

"Duerch d'Fürerschäin-Direktive a Gesetzer ass et net erlaabt. Wann dir elo geleiert hutt op engem Automatik Führerschäin an och den Fürerschäin sou gemaach hutt, dierf Dir kee manuellen Auto fueren. Well Dir jo nach guer net dat bewisen hutt, dass Dir dat kënnt. Dat heescht wann ech e Fürerschäin hu mat enger Restrictioun, uniquement pour automatique, dierf ech nëmmen Automatik fueren. Wann ech da wéilt ëmswitchen op déi manuell Schaltung, muss ech erëm puer Fuerstonne huelen. An en Examen maaache fir ze weisen, dass een dat beherrscht mat der Schaltung an alles."

Ëmgedréint ass et keen Probleem a méiglech mat engem manuelle Führerschäin en Automatik-Auto ze fueren. Wann dëst mat dem automatesche Fürerschäin enges Dages ëmmer méi gëtt, esouguer sou wäit kënnt, dass nëmmen nach automatesch Führerschäiner ausgebilt ginn, brauch Do Iech keng Gedanken ze maachen, ären „alen“ manuelle Fürerschäin leeft net of.

Déi Optioun Automatik ass staark um Kommen, och den SNCA ass sech däers bewosst. An enger Periode vun 5 bis 6 Joer soll dëse Wiessel kommen, mengt den Här Ruggiu.

"Et sinn och lo scho Farschoulen, déi och schonn bei eis Ufroe maachen oder déi Automatik-Autoen kafe fir eben dës Ausbildung ze maachen. An si ginn och ëmmer méi sollizitéiert. Dat heescht, dat wäert elo e luest Ëmdenke gi bis och de ganze Fuerpark deementspriechend ass. Mee d'Ausbildung wäert ëmmer méi op Automatik eriwwer goen."

 

Eis berüümten ''Zopp-réieren-Ära'' geet dann op een Enn. Se bleift jo nach e bëssen, also profitéiert dovunner. Oder dir musst op den Oldtimer ëmklammen, do hutt Dir nach rustikal mam Auto fueren.