Et gëtt scho vill geschafft um Glacis. Abee et ass net méi all ze laang an da geet se nees un. D'Fouer start den nächste Freiden den 19. August. Et ass déi 680. Editioun a si dauert bis den 8. September. Mir ware mam Mikro eraus fir scho mol déi éischt Impressiounen anzefänken.

Wou kommen dann d'Forainen hier, déi mir gëschter begéint hunn?

11/08/2022 Bei de Forainen : Wou komme se hier?

Endlech nees eng normal Fouer, wat soen eis Forainen dann?

11/08/2022 Bei de Forainen : Sidd dir frou dass d' Schueberfouer erëm normal oofleeft?

Dës Editioun zielt eng Rekordzuel vun 223 Spiller, Verkafsstänn a Gastronomie-Betriber, woubäi een Drëttel vun alle Foraine Lëtzebuerger sinn. Eng nei Attraktioun um Glacis ass dëst Joer déi gréisst transportabel Geeschterbunn vun der Welt. Nei ass och, datt d'Horairen tëscht mëttes an eng Auer nuets harmoniséiert goufen an deemno d'Fräi Nuechte freides a samschdes ewech falen.
Spiller, déi nees de Wee zréck op Lëtzebuerg fannen, sinn ënner anerem den Top Spin, den Hangover an den Hexentanz.
Och den Ëmweltaspekt spillt op der Fouer eng Roll: sou soll an de Restauranten op Material gesat ginn, dat gespullt oder nees ka gebraucht ginn an och soll triéiert ginn.
Den Ofschloss vun der Fouer ass no 20 Deeg den 7. September owes mat engem Freedefeier. Deen Dag gëllt op alle Spiller den hallwen Tarif, wat och de Fall um Familljendag ass, mëttwochs den 24. August.