Haut virun 8 Joer stierft den Amerikaneschen Acteur Robin Williams

11/08/2022 Op den Dag

Den deemolege President vun den USA sot deemools, datt de Robin Williams "eenzegaarteg" war. An Uspillung op seng verschidde Rollen sot hien "De Robin Williams war e Pilot, en Dokter, eng Nanny, e Präsident, e Professer, de Peter Pan an alles dotëscht. Hien huet eis un d'Laachen bruecht. An en huet eis kräische gedoen."
Als Doudesursaach gouf deemools Suizid uginn.
Dem Robin Williams säi Liewen war bëssi wéi eng Achterbunn. Schonn an de 70er Joren huet hien ënner Alkohol- a Kokainsucht gelidden. Da goung et mol erëm Jore besser, awer den Acteur ass ëmmer erëm réckfälleg ginn. De Williams huet och ni e Geheimnis doraus gemaach, mee huet seng Problemer souguer dacks an Talkshowe thematiséiert.
 
Hei en Extrait aus dem Filmklassiker "Good Morning Vietnam". Dem Williams seng Rollen ware villsäiteg, hien konnt quasi alles spillen. Komedie, awer och psychopathesch Rollen grad wéi Familljefilmer a Märercher.
Hie wiisst a gudde Verhältnisser zu Chicago op, seng Mamm war Chefin vun enger Modelagence a säi Papp den Haaptmanager bei engem groussen Autosgarage. Wärend senger Zäit op der High School lieft hien zu LA an zu San Francisco.
No sengem Lycée huet hien ugefaang Politikwëssenschaft ze studéieren. Allerdéngs huet hien dat ganz séier ofgebrach. Hien ass dunn an eng Theaterschoul gaangen, awer och hei huet hien seng Schoul net fäerdeg gemaach. Iergendwann trëtt hien als Stand-Up-Comedian op, an do huet hien gemierkt datt et genee dat wier, wat em Spaass mécht.
 
De Robin Williams huet am ganzen 1 Oscar a 5 Golden Globes gewonn. Fir de Club der Toten Dichter war hien fir en Oscar nominéiert. Gewonnen huet hien den Oscar als beschte Nieweroll am "Good Will Hunting".
De Schauspiller war zum Schluss vu sengem Liewen immens onglécklech. Berufflech ass et Bierof gaang, an och gesondheetlech goung et dem Robin Williams net méi gutt. Hien wollt, a konnt net méi.
Den 11. August 2014 huet hien sengem Liewen en Enn gesat. Seng Äschen sinn an der Bucht vu San Francisco verstreet.