Hien wollt net bekannt sinn als deen Designer, deen d‘Atombomm iwwerlieft huet. Dat sot den Issey Miyake, deen elo rezent verstuerwen ass.
Allerdéngs war säi Liewen awer mat där Bomm, déi de 6. August 1945 op Hiroshima erof geworf gouf verbonnen

Op den Dag : Doud vum Issey Miyake

Den 22. Abrëll 1938 koum hie genee do op d‘Welt an hat 7 Joer wéi Hiroshima vun enger Atombomm zerstéiert gouf. Hien iwwerlieft, muss awer den Doud vu senger Mamm verkraften, déi 3 Joer un de Suitte vun der Explosioun stierft. Och hie selwer gouf krank, hien hat eng Knachemuerch- Erkrankung an hat doduerch säi  Liewe laang Probleemer beim Trëppelen.

Den Issey Miyake konnt den Trauma vun Hiroshima awer hannert sech loossen, wëll Ënnerkréie fir hien kee Optioun war. Méi wéi 50 Joer war de japanesche Moudendesigner a Grënner vun der no him benannte Moudemark an der Moudewelt aktiv an ass de Freiden, de 5. August am Alter vu 84 Joer gestuerwen, dëst un de Suitte vu Liewerkriibs.

Inspiréiert duerch seng Schwësteren, hat hien als jonke Student eng Grafik-Design- Héichschoul zu Tokio besicht.  Mëtt der 1960er koum hien op Paräis a konnt bei den Haiser Guy Laroche a Givenchy schaffen. Hie war och den éischten auslänneschen Designer op der Paris Fashion Week 1974.

1970 hat hie zu Tokio säin eegene Betrib opgemaach, den Miyake Design Studio an 1971 koum seng 1. Kollektioun eraus. Net just a Japan konnt den talentéierte Mann op sech opmierksam maachen, dëst mat sengem graphesche Stil a senge Plisséën. International war hie fir seng héichklasseg Seid a plommeliicht Polyester-Materialie bekannt.

Dem Issey Miyake seng Virléift war et seng Kollektioune mat aussergewéinleche Catwalken ze presentéieren. Egal ob mat Mannequinen iwwer 80 Joer, risege Waasserbaséngen, Plagen oder soss innovativen Iddien.
Nieft dem Gezei konnt den Issey Miyake och mat Parfum iwwerzeegen, 1992 koum säin éischten Doft eraus.  An den 1990er Joren huet hie sech no a no aus dem aktive Business zréck gezu fir sech méi un d‘Textilfuerschung ze ginn.   

De 5. August, 1 Dag virum 77. Joresdag vun de Hiroshima Katastroph, ass den Issey Miyake fir ëmmer vun eis gaangen.