Eng Hëtztwell ka sech op d'Gehierer vu gesonden a jonke Leit auswierken. Dat ass bei enger amerikanescher Etüd erauskomm.

12/08/2022 D'Hëtzt mécht de Kapp méi lues- De Reportage vum Radio

 
Ëmweltmedezinner vun der Harvard Chan School hu wärend enger Hëtztwell zu Boston kognitiv Tester mat Studente virgeholl, an och scho virun deenen extreem waarmen Deeg. Am Zesummenhang mat de Reaktioune vun de Studente moies fréi. Een Deel vun de Studenten huet an engem Gebai mat Klimaanlag gelieft, wou d'Temperaturen tëscht 17,5 bis 25 Grad Celsius louchen, am Duerchschnëtt bei 21,4 Grad.  Déi aner Hallschent huet an engem Haus gewunnt an deem et net kill war, do waren d'Wäerter tëscht 19,6 bis 30,4 Grad, an der Moyenne also 26,3.

RTL

© Pixabay

12 Deeg laang goufen d'kognitiv Leeschtungen ënnersicht. D'Fuerscher hunn awer net nëmmen op d'Temperatur opgepasst, mä och ob vill Kaméidi war a wéi d'Studenten sech beweegt, gedronk a geschlof hunn. Direkt nom Erwächen hu se sech scho missten dru ginn: Se sollten op hirem Handy ganz einfach Rechnunge maachen an erkennen wéi eng Faarf wéi ee Wuert hat. Fënnef Deeg normal summerlechen Temperaturen a fënnef Deeg Canicule hu sech tatsächlech op déi Jonk ausgewierkt. Déi, déi waarm Nuechten ouni Klimaanlag hannert sech haten, hunn 13 Prozent méi laang gebraucht fir d'Aufgaben ze léisen.

RTL

© Pixabay

Däitschen Experte no, wieren déi Resultater net anescht bei eis an Europa. Bis ewell goufe virun allem eeler a krank Leit getest. D'Etüd vun den Amerikaner beweist awer, dass och Jonker Probleemer wäerte kréien wann eis Äerd ëmmer méi waarm gëtt. A wie gären fit bleift bei deem waarme Wieder, geeschteg a kierperlech: genuch drénken, schwéier Menüen op der Säit loossen, a schaffen am léifsten do, wou et méi kill ass.