Bei décker Hëtzt gëllt: Drénken, drénken, drénken. Sidd Dir gelangweilt vun normalem plattem Waasser? Ma et ginn 4 Alternativen. D`Laura Lessyn kläert eis op:

14/08/2022 Alles ausser Waasser (Internet)

Mëllech erfrëscht besser wéi Waasser:
Iwwerraschend, mee Gedrénks wéi Coca-Cola, Kaffi oder Béier sinn dem Waasser gläichgestallt. Wat awer nach méi erfrëscht wéi Waasser, ass ee Glas Vollmëllech. Mëllech huet nämlech méi een héijen Hydratations-Index ewéi d`Waasser.

Kalen Téi:
Waarmen Téi ze drénken ass net ze recommandéieren bei sou waarmen Temperaturen, mee et kann een dësen och kal genéissen, dat erfrëscht ëmsou méi. Zum Beispill Gréngen oder Peffermënz-Téi.
Dës Planzen besëtzen Aminosaieren. Déi ginn en klengen Energie-Kick a wierken erfrëschend op de Kierper.
Ube-Iced-Matcha:
Wie Loscht op Ofwiesslung huet: Wéi wier et mat engem Ube-Matcha?- Dës enthält Ube-Sirop aus Yamswuerzelen,

planzlech Mëllech a Matcha, dann dat ganzt mat kachend Waasser opfëllen, an zum Schluss ganz vill Äiswierfelen dobäi ginn.

Als kleng Info: dëst Gedrénks kann een och waarm genéissen.
Hausgemaachent Aloe-Vera-Jus:
Aloe-Vera ass räich un Aminosaieren, Proteinnen, Antioxidanten an Vitaminnen a kuerbelt de Kierper richteg un. Genau dat wat ee brauch wann et sou waarm ass. Fir dem Aloe-Vera nach een anere Goût ze ginn kann een och ee Granatapel oder e puer Stécker Orange dobäi zerwéieren.

Probéiert et aus, eng gutt Erfrëschung mat Goût kann net schueden.