Och wann et sech vläicht am Ufank esou ufillt. Mir hu beim Psychotherapeut nogefrot firwat dat esou ass a wat d'Konsequenze kënne sinn wann een iwwerdreift.

Vum Alkohol gëtt ee net méi lëschteg- De Reportage vum Radio

Wann een zesummen op der Terrass een hëlt (oder e puer méi), fillt ee sech ëmmer méi euphoresch an et huet ee manner Hemmungen. Dat hält awer net laang un, dono stelle sech Gefiller an ewéi Hoffnungslosegkeet an traureg sinn. Fuerscher hunn hir Zweiwelen drun, ob méi oder manner Héichprozenteges iwwerhaapt esou eppes ewéi e Glécksgefill ausléist.

A bal alle Kulturen ass alkoholescht Gedrénks ze fannen, als Genoss-a Gesellegkeetsmëttel. Den Alkohol u sech huet schonn eng ganz entspanend Wierkung... bis et iwwer eng gewëssen Dosis erausgeet an d'Stëmmung kippe kann, esou de Psychotherapeut Gilles Michaux.

"Grad och e laangfristege Konsum iwwer déi recommandéiert Alkoholsunitéiten eraus, kann dozou féieren dass et zu enger Toleranz kënnt an den Alkohol méi a méi zu engem Suchtmëttel gëtt. Woubäi dee positiven Effet net méi erziilt gëtt oder esouguer laangfristeg och de Géigendeel produzéiert gëtt, dat heescht wou dann d'Stëmmung wärend deenen abstinente Phasen esouguer éischter an de Keller geet."

RTL

© Pixabay

Den Alkohol respektiv den Ethanol ass eng Substanz déi op e ganze Koup vu Botenstoffer am Gehier wierkt. Dofir kann en och esou vill verschidden Effekter op eis un, wat vun der Dosis a vun der Dauer vum Konsum ofhänkt.

"U sech ass den Alkohol e Nervegëft, dat wann et net moderéiert konsuméiert gëtt, laangfristeg ënnert anerem (net nëmme kierperlech gesinn) d'Liewer schiedegt an och bestëmmte Formen vun Demenz bedénge kann. D'Wierkung hänkt dann och nach dovunner of, wat soss nach am alkoholesche Gedrénks ass: d'Antioxidantien am Wäin beispillsweis oder den Happ am Béier. Den Happ wierkt ewéi Melatonin a ka staark midd maachen. Esou huet den Alkohol eng schloffërdernd Wierkung, mä bei enger ze héijer Dosis, gëtt de Schlof net méi esou erhuelsam."

RTL

© Pixabay

Negativ Emotiounen musse jo net sinn. Net fir näischt heescht et, mer sollten Alkohol a Moosse konsuméieren.

"Aus Statistike wësse mir och, dass Persoune mat Depressiounen duebel esou heefeg un enger Alkoholerkrankung leiden ewéi net-depressiv Persounen. Et ka sinn, dass depressiv Leit den Alkohol wéinst senger stëmmungsophellender Wierkung quasi als Selbstmedikatioun konsuméieren fir sech besser ze spieren. Dës Rechnung geet awer net laang op, well de laange Konsum iwwer eng onbedenklech Dosis eraus, selwer och erëm nees dozou féiert, dass de Serotonin-System aus dem Gläichgewiicht kënnt."

An et kann och sinn, dass wann d'Wierkung vum Alkohol iwwer Nuecht noléisst, ee méi fréi waakreg gëtt an och Schwieregkeete kritt fir erëm anzeschlofen.