Haut um Freiden gëtt zu Meeschtem de ,,Rock de Schleek'' am Kader vum Wäi-schmaachen organiséiert.

19/08/2022 Summeragenda - Rock de Schleek (Internet)

Um 7 Auer geet et den Owend mat der Musek lass, Danielle Goergen, Vize-Präsidentin vun der Union des Jeunes, Meeschtem:

,,Et ass en typesche Rock Festival, mat lauter Lëtzebuerger Bands aus der Groussregioun. Mir hunn och eng däitsch Band dobäi. Et kann en sech gutt Stëmmung erwaarden an och gutt Musek!

Den Rock de Schleek däerf definitiv net verpasst ginn! Et gëtt e flotte Mix ugebueden.

,,Mir fänken u mat Indie-Folk akustesch, dann hunn mer Rock dobäi, dann hunn mer Ska-Punk dobäi, mer hunn och d'Toxkäpp dobäi. Mir hunn och déi éischte Kéier en DJ dobäi deen dann zum Schluss EDM-Musek mécht. Et ass fir jiddereen eppes dobäi.''

De Rock de Schleek hat sech en gudden Numm gemaach.

,,Immens vill Bands déi u sech hiren Ufank do och gemaach hunn. Ech denken ëmmer un Mutiny on the Bounty, déi waren ganz am Ufank do. An wann een elo kuckt, déi spillen den E-lake. De Läb haten mer och dobäi.''

Fir Iessen an Gedrénks ass natierlech och gesuergt: 

,,Et ass e Rock Festival un der Musel, dat heescht de Wäin an de Cremant dierfen natierlech net feelen. Dann zerwéieren mer nieft dem typesche Gegrills awer och Nuddelen mat Bolognese Sauce an mir hunn awer och eng vegetaresch Optioun fir all déi, déi keen Fleesch iessen.''

Um 3.00 an der Nuecht ass et eriwwer.

,,Mir hunn fräi Nuecht, dat heescht bis 3.00 geet et. Mir hunn natierlech ëmmer e puer Krunnemécken déi och méi laang bleiwen.''

Am Virverkaf kritt een en Ticket fir 10 Euro. All Informatiounen kritt en op der Rock de Schleek Facebook-Säit.

Dëst Joer ass déi 12. an leschte Kéier vum Rock de Schleek, fir d'nächst Joer gëtt eppes Neies organiséiert. Et lount sech also sécher kucken ze kommen.