D'Gemeng Monnerech huet geschwënn en Duerf méi. Am Kader vun Esch 2022 entsteet nämlech de sougenannte "Pop-Up Village" um Parking nieft dem Kulturzenter "Beim Nëssert" zu Biergem an deem een all méiglech kulturell Aktivitéiten erliewe kann.

16/08/2022 Pop-Up Village Biergem

Am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad steet jo all Mount eng aner Gemeng am Fokus. Déi 7.Gemeng um Programm ass Monnerech. 2019 koum hinnen dunn d'Iddi e "Pop-Up Village" ze maachen, also en Duerf wat vergänglech a wou ëmmer eppes ze gesinn, ze lauschteren oder ze maachen ass. Fir dat ze maachen, hu si dunn um Parking niewent hirem Kulturzenter "Beim Nëssert" mat Schëffs-Containeren an Holzplacke verschidde Raim an eng Terrass opgebaut. Dës ginn de 27.August offiziell ageweit - an da kann et endlech mat hirer Programmatioun lassgoen.

Niewent hire Filmowender, Workshoppen a Concerten, ginn och Gesangsowender organiséiert an ee Mol de Mount Konferenzen iwwer Design ofgehalen. Da besteet och d'Méiglechkeet eng kleng Ausstellung ze maachen, oder e Geschäft an engem vun de Schëffs-Containeren. Desweidere gëtt och all Weekend e Festival zu engem spezifeschen Thema organiséiert. Allgemeng wier et hinne wichteg gewiescht, eng villfälteg Programmatioun op d'Been ze stellen, wou all Mënsch eppes fir sech géif fannen. Méi Informatiounen zu hirem Programm fënnt een op hirem Site