Fir datt en Tattoo e Liewe laang schéi bleift, ass déi richteg Fleeg vum Konschtwierk immens wichteg. Wien dat Ganzt net eescht hëlt, riskéiert net nëmmen Infektiounen, mee och en onschéint Endresultat. Wéi eng Crème sinn ideal, wéi laang däerf ee mat sengem Tattoo net an d'Sonn? Spillt bei der richteger Fleeg d'Technik vum Tattoo eng wichteg Roll? D'Anna Bertolo huet nogesicht.

09/08/2022 Tattoo gutt versuergen (Internet)

Fir d'éischt awer mol nogefrot mat eisem RTL Mikro: Hutt Dir dann en Tattoo?

Op säi frësch gestachenen Tattoo soll een dach e bëssi besser oppassen. Experte rode vu Produiten, wéi zum Beispill Vaselin, of. Vaselin fleegt d'Haut nämlech guer net, ganz am Géigendeel, et verstoppt d'Poren an d'Haut kann net ootmen. Och vu sougenannten Tattoo-Crème soll een d'Fangere loossen. Bepanthen oder Panthenol baséiert Crème wiere vill besser. Virum Acrèmen natierlech d'Hänn mat Seef wäschen, dann den Tattoo mat Seef wäschen, an zum Schluss de propperen Tattoo mat enger dënner Couche Crème douce areiwen.

Am beschte wier et natierlech, direkt nom Stiechen, déi richteg Fleeg mam Tätowéierer ofzeschwätzen. Deemno mat wéi enger Technik geschafft gouf, kann den Tattoo anescht verheelen, an d'Fleeg och variéieren.

An da gëllt et och mat der Sonn opzepassen. De ganz neien Tattoo soll aus der Sonn erausbleiwen an den direkte Kontakt soll fir op mannst ee Mount evitéiert ginn. Dono soll een den Tattoo mat Sonnecrème weiderhi gutt acrèmen. Duerch déi direkt Sonnestrale kann d'Faarf verblatzen, an e Sonnebrand wierkt wéi eng kleng Laserbehandlung. Dofir gëtt och gerode, sech am Wanter a net am Summer ze tätowéieren.