D'Geschicht vun engem duebele Mord zu Esch, viru méi wéi 100 Joer - dorëms geet et haut an eiser Lecture vun heiheem. De Jérôme Quiqueret, Historiker a Journalist, huet dëse Kriminalfall a sengem Buch "Tout devait disparaître" nees opgerullt, an dem Bea Kneip seng Conclusioune verroden. 

09/08/2022 Lecture vun heiheem: "Tout devait disparaître" (Radio)

De Summer ass bal eriwwer, mir schreiwen de 14te September 1910. Eng Koppel, den Henri an d'Françoise Kayser-Paulus, allebéid iwwer 50, maache sech prett fir schlofen ze goen. Well d'Kaz nach net doheem ass, loossen si d'hënnescht Dir opstoen. Den nächste Moie gi si dout opfonnt, brutal ëmbruecht an hirem Haus an der rue d'Audun zu Esch. Bei Recherche fir e ganz anert Thema ass de Jérôme Quiqueret op dëse Fall gestouss, an et huet dee gebiertegen Nanzeger net méi lassgelooss:

Et geet also net nëmmen ëm de Mord u sech, mä och ëm dee sozialen an historesche Kontext, an deem d'Enquête ofleeft. Et sollt Joren daueren bis de Mäerder endlech konnt gepëtzt ginn, ëmmer nees goufen et falsch Pisten op déi de Jérôme Quiqueret och seng Lieser mathëlt.

Et ass kee Roman, och wann d'Geschicht sech mat Momenter esou liest, mä villméi d'Resultat vu jorelaange Recherchen, déi net nëmmen eng historesch Epoque (Esch an der Zäit virum éischte Weltkrich) nees operstoe loossen, mä déi dacks iwwerraschend Parallellen mat der Aktualitéit vun 2022 opweisen.   

"Tout devait disparaître" vum Jérôme Quiqueret ass bei Capybarabooks erauskomm. Dee kompletten Interview mam Auteur fannt Dir an eisem Podcast "Lecture vun heiheem" op RTL.lu, RTLPlay an deene meeschten anere Podcast-Plattformen.