Wiem d’Zäit oder d’Loscht fir ze kache feelt, gräift gär emol zu Fäerdeg-Menüen. Ob dat elo eng Tiefkühlpizza ass, fäerdeg Zoppen oder och eng Lasagne: et gëtt eng Hellewull u fäerdege Produiten. Laang geet schonn dovunner rieds, datt dës net immens gesond solle sinn. Eng brasilianesch Etüd wëll elo och nach rausfonnt hunn, dass Fäerdeg-Menüen souguer eisem Gehier schuede sollen. D’Anna Bertolo huet nogesicht.

12/08/2022 Fäerdeg-Menüe schueden eisem Gehier (Internet)

Séier d'Mikrowell un oder den Uewen, an da brutzelt se d'Pizza oder d'Fischstäbercher. Fäerdeg-Menüe si immens praktesch fir sech owes no der Aarbecht net nach stonnelaang mat sengem Iessen ze beschäftegen. Zemools wann een och auserhéngert ass, da soll et viru goen. Och muss een duerno net déi ganz Kiche botzen a raumen. En plus schmaache fäerdeg Menüen net schlecht, wann een de Rapport-Zäit-Honger consideréiert. Kee Probleem wann een heiansdo op déi Iesswueren zréckgräift, déi entretemps en décke Chiffre d'Affaire ausmaachen. Ginn dës Fäerdeg-Menuen eng Reegelméissegkeet, da sollt een awer mol genee kucke wat een dann do ësst.

D'Fuerscher fänke u kritesch ze kucken, wann den alldeegleche Kaloriebedarf mat 20 Prozent vu staark verschaffte Liewensmëttel gedeckt gëtt.

Si konnte beleeën, datt dëst da schiedlech Auswierkungen op déi geeschteg Funktioune vum Mënsch huet. Bei ronn 2000 Kalorien den Dag, wier schonn eng hallef Tiefkühlpizza do ze vill. Bei engem Experiment zum Beispill op der Universitéit vu Sao Paulo, goufen 10.000 Leit déi dacks déi fäerdeg Produite giess hunn, iwwert 10 Joer laang reegelméisseg op hir Gehieraktivitéit getest. Ënnersicht gouf virun allem, ob d’Leit sech u verschidde Wierder erënneren, Wierder erkennen a si ausschwätze konnten. D’Resultat bei de geteste Persounen huet gewisen, datt hier Denkleeschtung staark zréckgaangen war.

De Grond wier eben an deene staark verschaffte Liewensmëttelen ze sichen. De Probleem ass, dass si en héijen Zocker, Salz a Fettgehalt hunn, déi d'Entzündungen am Kierper fërderen an esou déi gréisste Gefor fir dat Gesond-Algi vu Kierper a Gehier duerstellen.  E weideren negative Punkt ass, datt bei dësen Iesswueren, net genuch Ballaststoffer aus planzlecher Nahrung ze fanne sinn. Déi wieren awer wichteg, fir Krankheeten wéi Alzheimer entgéingt ze wierken.