D'Perseiden sinn ënnerwee. Dëst Joer sinn se duerch de Mound awer manner gutt ze gesinn.

12/08/2022 En Himmel voller Stäreschnäizen- De Reportage vum Radio lauschteren

Géint 3 Auer an der Nuecht vun haut op muer erreechen d'Perseiden hiren Héichpunkt. Graff kann ee soen, dass mer tëscht 10 Auer den Owend a 6 Auer muer de Moien déi meeschte Stäreschnäizen ze gesi kréien.  Allerdéngs geschitt dat grad elo wou Vollmound ass, den Himmel ass also méi hell an esou gesäit ee just déi méi déck Exemplairen vun de Perseiden. Nach dobäi kënnt dass et  ewell dee véierte Supermound vum Joer ass, wat en extra grouss an hell erschénge léisst. Mä zeréck bei d'Stäreschnäizen, wou kommen déi  iwwerhaapt hier? Dat erkläert de Nicolas Feierstein vun de Lëtzebuerger Hobby-Astronomen.

"Dat heescht e Koméit, e risegrousse knaschtege Schnéiball, an an deem Ball, deem Äisklotz do, do ass vill Stëbs dran, a wann dee Koméit aus dem Weltraum kënnt, op senger Bunn a Richtung Sonn, da gëtt en iergendwann eng Kéier vun der Sonn erwiermt an de Stëbs geet da natierlech och eraus. Dat ginn dann zwee Schweifen normalerweis, deen een, dat sinn Deelercher vum Waasser, d'Waasser gëtt zerluecht an deen aneren Schweif dat ass de Stëbsschweif, deen ass e wéineg méi schwéier an dofir bleift deen e wéineg hannert der Bunn zeréck."

RTL

© Pixabay

Hënt soll ee ronn 30 bis 50 Stäreschnäizen an der Stonn kënnen erblécksen. Iwwer 200'000 Kilometer an der Stonn hu se drop. D'Perseiden sinn all Joer um Himmel ze gesinn. An dat huet och säi Grond:

"An dat ass eben esou dass där Bunne vu Koméiten vill dorëmmer sinn a natierlech, wa lo eng bestëmmte Bunn do ass, well d'Äerd jo ronderëm d'Sonn dréint, trëfft déi eben am August op de Stëbs vun engem ganz bestëmmte Koméit."

RTL

© Pixabay

An enger Héicht vun 80 bis 100 Kilometer an der Luucht kollidéieren d'Partikelen, déi dacks nëmme Millimeter grouss sinn, mat Loftmoleküllen a fänken un ze liichten. A mir dierfen eis eppes wënschen :-) Dat geet och nach an de puer nächste Nuechten, bis de 24ten August, och wann een der da net méi esou vill gesäit. D'Perseiden ginn och nach Laurentiustréinen genannt, wat zeréck geet op den Hellege Laurentius, deen e Märtyrerdout gestuerwe war. Op sengem Doudesdag am August falen d'Tréinen op d'Äerd.

No de Perseiden am August, kommen iwwregens d'Draconiden am Oktober, an d'Orioniden a Leoniden am November. An et ginn der nach e ganze Koup fir déi aner Méint ewéi zum Beispill d'Geminiden am Dezember an d'Lyriden am Abrëll.