Iwwer 50 Prozent vun alle Fraen déi Broschtkriibs kréien sinn méi al wéi 60 Joer. Et ass däitlech déi heefegst Kriibserkrankung bei der Fra. Den Dr Marc Keipes, Direkter aus dem ZithaGesondheetszenter op der Gare huet haut eng Etüd derbäi déi weise soll wat een preventiv duerch déi richteg Ernierung maache kann, a stäipt sech op d'Aussoen vun 120.000 Fraen déi de Broschtkriibs iwwerlieft hunn.

13/082022 Gesondheetstipp

D'Resultater hunn eng Reduktioun vum relativen Risiko gewisen. D'Mortalitéit ass duerch méi Ballaststoffer bis zu 33% erofgaangen. Och Antioxidantien aus Uebst a Geméis konnten 17% Reduktioun bréngen. Manner Recidiven eleng goufen et och schonn eleng duerch verschidden Vitaminnen aus Uebst a Geméis an och duerch Isoflavone aus dem Soja.

13-08-2022 Gesondheetstipp Dr Marc Keipes - Ernierung a Broschtkriibs - positiv

De Revers vun der Medail sinn dann awer all déi Iesssaachen déi gutt schmaachen an een op der Säit loosse soll oder staark reduzéiere misst.

Wat de Risiko elo awer ëm 42% eropgesat huet war de Béierkonsum. Do muss ee wëssen dass am Happ Phytoöstrogenen dran sinn also planzlech Östrogenen, an déi net wéi de Soja - de Soja wierkt negativ géint Broschtkriibs - mä d'Phytoöstrogenen verstäerken dat ganzt a wierken wéi déi natierlech. Wat awer nach am allerschlëmmsten war, dat waren déi gesiedegt Fettsaieren déi zum Beispill an transforméierten Fleesch also Gewurschtels oder soss Charcuterie sech erëmfannen. Erëm weist sech dass gesond Ernierung vill ausmécht.

13-08-2022 Gesondheetstipp Dr Marc Keipes - Ernierung a Broschtkriibs - negativ