Wann ee sech en Hond uschaaft dann stellt sech d'Fro, ginn ech bei en Ziichter, huelen ech een aus dem Déierenasyl, oder et gëtt och ëmmer nees Leit déi een aus der Vakanz matbréngen. D'RTL Déierendoktesch Romi Roth stellt eis haut sou e Fall vir, un deem een och d'Nodeeler matkritt, déi domadder verbonne sinn, wann ee Pech huet.

16/08/2022 Déierentipp: En Hond aus der Vakanz

Zanter hirem éischte Galgo, dem Othello, dee se vun enger Frëndin iwwerholl haten, sinn d´Famill Becker ewech an déi schéin, douce Muppen. A wéi si elo  an Andalusien nees an d´Galgo-Opfangstatioun waren, war kloer, dass e weidere vun deene spueneschen Wandhonn matkéim. An d´Farah, eng ongeféier zwee Joer al, schluetwäiss Galga ass och léif, propper an clever, mä et gëtt ee b-Moll: déi jonk Mudder ass Leishmanios-positiv. Et geet ëm eng uerg parasitär Kränkt, déi vu Sandmécken a waarme Regiounen iwwerdroe gëtt a bei däer d´Haut, d´Lymphkniet, den Daarm an d´Nieren ugegraff ginn

16-08-2022 Déierentipp - Romi Roth - En Hond aus der Vakanz - Virgeschicht

Wéi ass dat da mam Klimawandel an de vill méi waarmen Temperaturen, déi mir hei an der Lescht och hun? Kann esou eng Sandméck aus engem Fliger oder engem Auto och hei emol aktiv ginn?

Jo, an Däitschland gëtt et schonn e puer Géigenden wou Honn autochthon ugestach goufen, dat heescht bei sech doheem, ouni op Reesen an de Süden mat gewiescht ze ginn. Wat kee Furri ass, well d´Symptomer vun der Leishmanios zwar oft gutt ënner Kontroll bleiwen, mä d'Infektioun u sech e Liewe laang bleift. Et gëtt elo eng Impfung dogéint, déi op jiddwer Fall fir all Hond ze roden ass, dee mat an de Süden geholl gëtt. Si ass zwar net ganz bëlleg mä vill méi wéi déi reegelméisseg Kontrollen an eventuell dann och d´Behandlung, fir déi dem Farah seng nei Leit elo och blechen mussen

16-08-2022 Déierentipp - Romi Roth - En Hond aus der Vakanz - Traitement