An et gouf esouguer zum Song gewielt, mat deem een am beschten kann zur Rou kommen.

Dat richtegt Lidd fir ze entspanen- De Reportage vum Radio

Stellt Iech emol vir: Dir braucht keng Meditatioun, keng Hypnos a scho guer keng Medikamenter fir erof ze kommen. D'Coryse Ludowicy stellt Iech elo e Lidd vir, mat deem ee bannent Sekonnen kann entspanen. A Firwat et net och emol moies lauschteren fir scho ganz Zen an de neien Dag eran e starten?

RTL

© Pixabay

En Experiment mat zéng verschiddene Lidder gouf gemaach. E Fuerschungsteam vu Sussex a Mindlab huet Lauschtertester mat Fraen tëscht 20 an 61 Joer gemaach.  Déi hunn dofir missten an engem däischtere Raum déi verschidde Stécker lauschteren. Dono goufen D'Dammen Reizer ausgesat, déi Stress ausléisen. An eent vun de Lidder huet tatsächlech am Beschten dogéint gehollef. Den Titel konnt de Stresslevel bei de Fraen esouguer ëm 6% méi erofdrécken ewéi eng Massage, am Géigesaz zu deenen anere Lidder war d'Entspanung ëm 11 Prozent méi héich an elo haalt Iech un: e wierkt besser ewéi en Téi ze drénken oder spadséiere ze goen. An hei ass et: "Weightless" vu Marconi Union, an et dauert ganzer 8 Minutten.

RTL

© Pixabay

D'Musek wierkt net nëmmen op de Geescht, mä och op de Kierper: Mir ootme méi roueg an den Häerzschlag gëtt méi entspaant. Déi richteg Musek kann esouguer eppes géint Angscht an Depressioun bewierken, et erhëlt ee sech besser, zum Beispill no enger Operatioun, an de Stresshormon Cortisol gëtt manner am Blutt. Mä wéi kann et sinn dass Musek esou eng Wierkung op eis huet? Abee déi riets en déi lénks Hallschent vum Gehier ginn aktivéiert. Net nëmmen dass de Stress-Pegel dann erof geet, och de Gléckshormon Dopamin gëtt méi ausgeschott.

Weightless gouf iwwregens extra dofir komponéiert, fir de Kierper an de Geescht ze entlaaschten. An d'Etüd vu Sussex gëtt deem ganze Recht.