De richtegen Numm vir Schampes hei zu Lëtzebuerg ass Spruddelwäin, mee wei eng Geschicht huet de Schampes eigentlech? D`Laura Lessyn kläert eis op:

17/08/2022 De Schampes (Internet)

De Schampes kennt ee vum Feiere vu Gebuertsdeeg op Hochzäiten. Oder se dusche sech mam Schampes bei der Formel1 bei der Pokal-Iwwerreechung. Vir Silvester gëtt geprost mam Schampes vir all Gutts am neien Joer ze wënschen.
Wann ee wëll am grousse Styl feieren gehéiert de Schampes dozou. Mee de Schampes ass per Zoufall entdeckt ginn, duerch e Mëssgeschéck. De Wäikenner Claude Francois kennt d'Geschicht vum Schampes:

"Et huet keen de Schampes erfonnt, mee den Schampes huet sech selwer erfonnt. Et ass nämlech een natierleche Prozess wann Drauwe fermentéieren a wa se dann CO2 degagéieren andeems se aus dem Zocker Alkohol produzéieren. Dat ass e ganz natierleche Virgang. Déi zweet Fermentatioun ass u sech dat wat de Spruddelwäin ausmécht. Op dat lo Schampes oder Cremant ass. Déi zweet Fermentatioun war am Ufank een Zoufalls-Produkt. Dat heescht, déi ass op eng ganz natierlech Aart a Weis entstanen, deemools, am 17sten Joerhonnert. Do ass d'Fermentatioun gestoppt ginn an di huet nees ugefaangen op eng ganz natierlech Aart a Weis. Wéi d'Deeg nees mäi waarm ginn sinn am Fréijoer."

Vill Wënzer waren deemools net frou, si hu fonnt dat war e Feeler a waren net zefridde mat hirer neier Entdeckung. Mee no an no hu se probéiert an der Champagne hiert Mëssgeschéck ze reproduzéieren. Esou ass de Schampes, wéi mir en haut kennen, entstanen. Dem Schampes säin Ursprong kennt aus Frankräich, d'Englänner hunn net sou vill domadder ze dinn.

"De Schampes huet sech selwer erfonnt. D'Englänner hunn net ganz vill domadder ze dinn gehat. A Frankräich an an der Champagne waren et Leit wéi den Dom Perignon, deen de Schampes zwar net erfonnt huet, mee deen ee vun deene war déi d'Schampes Produktioun maitriséiert hunn. Hien huet och zum Beispill als Éischt den Assemblage gemaach fir sou Wäiner hir ze stellen."

D'Englänner hunn d'Wäiner mat op hir Insel geholl an se a Fässer transportéiert. Si hunn méi deck Fläsche benotzt. Sou dass d'Fläsch beim Transport net méi briechen kann. Wann d'Englänner also eppes mam Schampes ze dinn hunn, dann ass et déi déck Fläsch aus där en och haut nach zerwéiert gëtt. Watt mécht dann lo ee gudde Schampes aus, a wéi erkennen ech dësen?

"E gudden Schampes ass natierlech komplex. E gudden Schampes muss wei all gudden Wäin eppes Harmonesches sinn. Eppes wou d'Elementer déi dra si gutt beienee passen. Beim Schampes allgemeng, egal op dat elo Schampes, Cremant oder Champagne ass, de Schaum ass ganz wichteg. Dee muss reng an net ze vill staark sinn, awer och net ze schwaach. Ee gudde Spruddelwäin dierf eng ganz reng Perlage hunn."

Egal op Cremant oder Spruddelwäin, wann een dës Wäiner genéisse wëll, muss een och domadder rechnen, dass een de Kapp wéi kritt. Mee dës Rumeur, dass een vum Cremant méi Kapp wéi kritt wéi vum Schampes stëmmt net mäi sou ganz, well dës Cremanten zanter 30 Joer hei zu Lëtzebuerg produzéiert ginn. An däi si mëttlerweil qualitativ genee grad sou gutt wéi de Schampes aus der Champagne. Mee vu wat kritt een dann de Kapp wéi?

"Et kritt een den Kapp haaptsächlech vum Zocker wéi, deen am Wäin ass oder am Schampes. A vum Schwiefel. Wann een zum Beispill e Wäin oder och een Schampes drénkt deen ze vill Schwiefel huet. Dat kann duerchaus Kappwéi verursaachen. Dat ass awer net dem Produit selwer seng Schold a scho guer net den Drauwen hir déi am Wäi sinn déi den Kappwéi kéinte verursaachen."

De Wäispezialist Claude Francois iwwert d'Geschicht vum Schampes.