Dass een sech déi lescht Wochen am Bett e bësschen gewänzelt a gedréit huet bis dass een ageschlof ass, oder nach emol an der Nuecht erwächt ass, louch bestëmmt un den héijen Temperaturen. Leit déi awer och soss net gutt oder laang schlofen mussen d'Ursaachen enzwousch aneschter sichen. Den Dokter Marc Keipes, Direkter vum Zithagesondheetszenter weess wat do net stëmmt.

17/08/2022 Gesondheetstipp: Schlof a Melatonin

Mat deene ville Krisen wéi Krich a Pandemie mä och wéinst dem Drock op der Schaff an soss iwwerall, ginn d'Schofproblemer ëmmer méi heefeg. Wéini schwätzt een eigentlech vun "Insomnie" oder Schlofstéierung? Mä et misst een eigentlech 3 Deeg an der Woch wärend op d'mannst 3 Méint hannereneen Problemer hunn fir gutt ze schlofen an dann ass déi Diagnose richteg. Konsequenz, am Dag ass een méi midd, t'ass een manner konzentréiert wat dann erëm den Drock op der Schaff weider steigert, a schonn si mer an engem Däiwelskreeslaf.

17-08-2022 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Schlof a Melatonin - Ursaachen

Schonn eleng d'Zuel vun de Reklammen déi et gëtt, mat Medikamenter ronderëm Schlofproblemer weist dass dat en Thema an eng Industrie ginn ass.

Melatonin ass een vun deene Stoffen deen eigentlech och an eiser eegener Epiphyse produzéiert gëtt, wa keng Luucht méi an eis Aen fält, an dofir warne mer jo och ëmmer et soll een owes d'Fanger vum Handy ewech loossen, an et soll een och net iwwerdreiwen mam Binge streaming. De Melatonin huet awer net nëmmen en Afloss op de Schlof, mä huet och eng Wierkung op d'Kierpertemperatur, op den Zockerstoffwiessel an op den Tonus vun den Oderen. Och wann Melatonin global gesinn méi harmlos ass, wéi déi meeschten aner Schlofpëllen, soll ee kucken fir et net ze vill reegelméisseg ze benotzen. Well et sou fräi verkeeflech ass, ass och virun allem ze warnen virum Gebrauch bei Kanner. Meditéiert, relaxéiert, da schlof der gutt a bleift gesond.

17-08-2022 Gesondheetstipp - Dr Marc Keipes - Schlof a Melatonin - Traitement