A net nëmme si - och anert Gedéiesch hannerléisst Plazen, déi ferm kënne bäissen. Mir hunn eis informéiert, wat dogéint hëlleft.

Wann d'Mustike picken- De Reportage vum Radio

Wann d'Mustike picken, suckele se net nëmme Blutt, mä sprëtzen och nach eng Flëssegkeet an d'Wonn. Eisem Kierper ass déi Substanz friem an e fänkt u sech ze wieren. Stéchwuert Histamin: duerch dee schwëllt d'Plaz, a se gëtt rout, dacks gëtt se och waarm. Et ass ee verleet sech gutt ze krazen, leider mécht dat d'Saach awer net besser, am Géigendeel. An dofir kucke mer elo no den Hausmëttelen, déi de Bass kënnen erliichteren.

Esseg
Berouegt, desinfizéiert a killt d'Haut. Et kann een den Esseg direkt op d'Haut maachen oder op en Duch wat een op d'Plaz drop leet.

Ënnen
Nach e bësse méi penetrant am Geroch ewéi den Esseg, mä och eng opgeschnidden Ënn hëlleft. Déi leet een einfach dorop wou et bäisst, d'Ënn huet eng liicht antibakteriell Wierkung an hält ee fir eng Zäit vum Krazen of.

Ingwer
Och deen desinfizéiert a berouegt, awer nëmme fir eng kuerz Dauer.

Péiterséileg
Dee gëtt frësch gepléckt, kleng gemaach an op d'Plaz geluecht. Funktionéiert iwweregens och mat Basilikum.

RTL

© Unknown

Hëtzt
Net fir näischt ginn et déi Stëfter, déi waarm ginn, fir op déi Plaz ze drécken, wou mer gepickt goufen. E waarme, klénge Läffel mécht et och. D'Proteinnen am Spaut vun der Mustik zerfale bei méi ewéi 45 Grad an dofir bäisst et da net méi.

Keelt
Gutt fir ze verhënneren, dass et schwëllt an et déit och e bëssen. D'Killpäck aus dem Frigo awer w.e.g an en Duch wéckelen.

RTL

© Pixabay

A fir dass et guer net esou wäit kënnt, dass mer gepickt ginn, am Beschte kee Parfum oder kosmetesch Produite benotzen, déi vill richen. Wann Der e Produit géint Insekten wëllt op d'Haut maachen, dann am Beschten eréischt 20 Minutte no der Sonnecrème.

Faarweg oder däischter Kleeder sinn och net ze recommandéieren, doropper kënne sech d'Mustike verstoppen. Op wäissen oder beige Kleeder si se am beschten ze gesinn.