Et war lo laang schéint d'Wierder an dréchen op eise Stroossen. Mee op wat muss ech oppassen bei ze vill Reen? D'Laura Lessyn kläert eis op:

17/08/2022 Richteg fueren am Reen (Internet)

Wann et no enger laanger Dréchen-Phase nees ufänkt mat Reene sollten Autosfuerer besonnesch gutt oppassen. Dat läit net nëmmen dorunner well sech d'Leit un en anere Fuerstil gewinnt hunn, mee och un schlecht Stroosseverhältnisser. E Stëbs aus Pollen an deen duerch d'Ofnotze vun de Pneue beim Bremsen entsteet leet sech op d'Strooss, a wann dësen dann a Kontakt mat Waasser kënnt gëtt dëse Stëbs zu engem schmieregen Bräi, deen spigelglat kann ginn. Wat am schlëmmste Fall zu Accidenter ka féieren.
De Manuel Ruggiu vun der SNCA kennt d'Geforen déi beim schlechten Wierder dobausse laueren:

"Geforen op déi ee muss oppassen sinn dass de Bremswee sech verlängert. Well och duerch Oflagerung gëtt de Bremswee extrem verlängert par-rapport zu der Dréchent. Do muss een dann onbedéngt seng Fuerweis upassen. Et soll een och oppassen wann een tëschent Beem am Bësch fiert. Duerch déi laang Dréchent falen och vill Blieder a kleng Äscht op d'Strooss, dann gëtt d'Strooss nach méi rutscheg, a Kombinatioun mam Waasser ass dat geféierlech. No enger laanger Dréchent sickert dat Reewaasser net direkt an. A leeft ganz gären iwwert d'Strooss. Dat heescht, d'Gefor duerch Aquaplaning ass op gewëssenen Plazen vill méi héich. Anescht wéi no enger laanger Reen Zäit wou de Reen ëmmer asickert."

Watt een och berücksichtegen soll: Wann et souvill reent gëtt d`Vitesse op den Autobunnen erof gesat. Deen Ament ass d`Vitesse op 110 Kilometer an der Stonn an net 130 Kilometer an der Stonn ewéi normal.
Mee net nëmmen op d'Strooss soll een oppassen, mä och un sengem Auto selwer kann ee gewësse Punkte kontrolléieren.

Ewéi zum Beispill de Loftdrock an de Pneuen mee och de Profil.

"Dat Wichtegst ass do de Pneuen-Profil, dat ass dat Wichtegst wann et reent, well dat ass dat wat de Kontakt mat der Fuerbunn huet. A do soll een ëmmer genuch Profil hunn, well bei engem Pneu mat manner Profil ass de Bremswee natierlech vill méi verlängert. Do soll een och net zécke seng Pneuen ze wiessele wa se wierklech un de Minimum kommen. Watt och nach wichteg ass no engem Summer ass déi fiicht Fënster propper ze botzen, well och do sinn dacks Oflagerungen, zum Beispill Mécken. Well soss schmiert et relativ séier. An da soll een natierlech och d'Wischere kontrolléieren an déi och mat botzen. Dat ass am Fong dat wat en soll kontrolléieren no enger laanger Dréchent."

De Minimum u Profil bei den Autospneuen laut Code de la Route ass 1,6mm.