Leit Dir och ënnert vill Réckwéi ? Keng Angscht do sidd dir net eleng. 85 Prozent vu de Lëtzebuerger huet Péng am Réck oder an der Nuque. D'Laura Lessyn seet wat Iech do kann hëllefen.

18/08/2022 Wat maache bei ze vill Réck a Genéck wéi? (Internet)

Vill Doktere sti virun engem Rätsel well vill Leit Problemer mam Réck hunn. Mee och d'Nuque kënnt do net ze kuerz.

Dat huet vill mat der Haltung ze dinn. Och schlecht Gewunnechte kënnen dozou féieren de Réck wéi ze kréien.

Schold ass déi schlecht Haltung, déi ka Verletzungen u Muskel, Wierbelen oder Nerve verursaachen. Wat dann am schlëmmste Fall zu vill Péng ka féieren. Mee do ginn et, esou d'Kinesitherapeutin Sandrine Lenoir, nach aner Grënn.

"Enger Säïts wëll ech soen, wann ee Moies fréi opsteet a schonn am Stau steet oder mam Auto muss fueren, an da scho vill gestresst ass, dann dauert dat Moies och scho mol méi laang. Da kennt een um Büro un, an dann huet een och do villäicht Drock. Ee stressegen Alldag an et muss ee vill erleedegen. Dann ass d'Pult och net richteg agestallt, net op déi richteg Héicht. Da fänkt ee säin Dag scho stresseg un. A wann een dann och nach vill sëtzt de ganzen Dag, da wierkt sech dat op de Réck an op d'Genéck aus, duerch dat villt Sëtzen, dann mierkt een dees Péng schnell."

Mee och ze vill sëtzen oder ze vill stoen ass net gutt vir de Kierper. Wann een ze vill steet, gräift dat de Kreeslaf an och de Stoffwiessel un. Ze vill stoe kann am schlëmmste Fall Varicë provozéieren.  An beim villen sëtzen?

"Wann een natierlech elo permanent sëtzt, dann ass et de contraire. Dann huet een eng ze vill statesch Positioun, an et huet een e Mangel u Beweegung. Et ass een net genuch op de Been. Dat ass natierlech och net gutt well och de Réck, wei d'Nuque, staark belaascht ginn."

Reegelméisseg Massagen oder Stretching soll do hëllefen vir de Réck ze entlaaschten. Awer och Entspaanungsübunge kënnen do hëllefen, ewéi zum Beispill Meditatioun oder Yoga. Natierlech ass vill Beweegung a Sport och net schlecht. Och vir eng gutt mental Entlaaschtung zum Alldag ze schafen. Mee och aner Precautiounen kënnen hëllefen:

"Dass een sech mol eng Wärmepakung an d'Nuque leet, genuch drénken, reegelméisseg bei den Osteopath goen, wann een ëmmer nees Blockagen huet. Kucken dat wat engem am Beschten deet. Haaptsächlech ass vill Beweegung wichteg, wei Schwammen oder Réckenturnen a Kraafttraining vir dës Muskulatur ze ënnerstëtzen."

Flott Übungen am Alldag kënnen do super hëllefen, fir dass et net zu dëser schlëmmer Péng ka kommen. Soubal Dir mierkt dass Dir verspaant sidd sollt Dir eppes ënnerhuelen an et net schleefe loossen.

"Wann ee mierkt datt een d'Nuque verspaant huet, oder de Réck, hëlleft et tëschenduerch op ze stoen. Sech hin an hier beweegen e puer Deen-übungen ënnerhuelen. Do ginn et och ganz Einfacherer. Wann ee sech um Bürosstull riicht opsetzt, an da geet ee mat enger Hand ënnert de Bürosstull respektiv sech do e bëssen fest hält mat der Hand, an dann de Kapp säitlech hält an e bëssen deent, fir sech säitlech ze entlaaschten. Dat kann een och op deenen zwou Säiten mann. Och kucken dass Pult gutt agestallt ass. Dass een do och probéiert verschidden Haltungen ze kréien. Bei aneren Übungen am Beschten dat och mam Kiné kucken, dass ee sech do näischt oprappt."

Sou Deenungs-Übunge fir tëschenduerch kënnen awer net schueden a sinn och ze rëmkommandéieren falls een spiert dass et guer net méi geet.

An am schlëmmste Fall säin Kiné oder Osteopath ëm Rot froen.