Den Ënnerscheed tëscht Prommen a Quetschen. Jo, et gëtt een, obwuel d'Friichten alleguer zu der selwechter botanescher Aart, der 'Prunus Domestica', gehéieren.

Quetschen och! De Reportage vum Radio

D'Quetschen hänken un de Beem. Vu Juli/August un bis an den Hierscht eran gi se gepléckt a mir freeën eis schonn op Taarten a frëscht Gebeess fir moies op d'Schmier. Allerdéngs ass Quetsch net gläich Quetsch, et héiert een an deem Kontext och ëmmer erëm dat Wuert 'Praumen' oder 'Prommen'. Quetsch oder Promm? Dat ass d'Fro de Moien, an d'Coryse Ludowicy huet probéiert eng Äntwert doropper ze fannen.

Vill Prommen-Zorte si méi ronn,  et ginn der awer och déi méi längelzeg ausgesinn an een den Androck kritt et hätt een et mat enger Quetsch ze dinn. Mä wat ass dann elo wat? Dat hu mer beim Thierry Helminger, Botaniker am Naturmusée, nogefrot.

"Einfach gesot: Quetsche si längelzeg, se si méi ewéi 3,5 Zentimeter laang a se lafen zu deenen zwou Säiten spatz zou. Se si blo, se si net säfteg, an de Steen léisst sech meeschtens gutt eraus léisen wa se zeideg sinn. All aner änlech Friichten si Prommen, mat ënnerschiddleche Nimm (jee no Zort a Géigend). Déi si virun 2000 Joer schonn aus Anatolien an Europa komm an hu sech hei verbreet."

RTL

© Prommen (Pixabay)

Duerch Selektioun, Kräizungen an och Réckkräizungen, sinn am Laf vun der Zäit vill Zorten entstanen. Gutt erkennen kann een zum Beispill d'Mirabellen mat deene klenge, giele, ronne Friichten, déi e Kär hunn, dee gutt erausgeet.  Donieft gëtt et eng ganz Rëtsch vu wëlle Prommen ewéi d'Hondsprommen, d'Huewerprommen oder déi russesch Prommen an da gëtt d'Saach schonn erëm méi komplizéiert. Och am Goût ginn et Ënnerscheeder:

"Quetsche sinn tendenziell méi saierzeg an d'Prommen-Zorten éischter méi séiss. Se hunn och dacks relativ ënnerschiddlech Goûten. Mä et hänkt nach ëmmer vun der Zort of, wéi de Goût elo ass."

A wéi eng gi fir wat gebraucht?

"Fir Taarten allgemeng sinn déi manner säfteg Zorten gëeegent, zum Beispill d'Quetschen oder d'Mirabellen. Déi bleiwen och beim Bake fest an halen dann hier Form an zermätschen net esou op der Taart. Fir frësch ze iessen, schmaache mir am Beschten déi gutt säfteg, fruuchteg a séiss Zorten. Dat si natierlech déi, déi oft net esou einfach ze iesse sinn ouni sech ze besabbelen.  Mat deenen Zorten kann een och Gebeess oder Kompott kachen."

RTL

© Mirabellen (Pixabay)

Natur an Ëmwelt setzt sech schonn zanter enger Rei Joren fir Bongerten an traditionell Uebstzorten an. Esou hu se zum Beispill erausfonnt, dass et an der Gemeng Wëntger ongeféier 20 verschidden typesch Prommenzorte gëtt, an et gouf och e Bongert ugeluecht fir se ze erhalen.

Et lount sech och no den Uebstbeem ze kucken mam giele Bändchen drop. Bei deenen ass et erlaabt, fir den eegene Gebrauch dovunner ze plécken.

Hei ass de Link  fir ze kucken wou déi Beem ze fanne sinn: