De Summerreen richt esou gutt, virun allem no enger laanger Dréchent. D’Laura Lessyn huet nogesicht, firwat ee Ree riche kann.

19/08/2022 Den herrlechen Doft vu Summerreen (Internet)

Waasser richt jo normalerweis no näischt. Mee de Reen riicht awer an ech ginn dovunner aus dat weess all Kand. Dësen Doft huet och een Numm: D'Wëssenschaftler nennen deen "Petrichor", en Numm dee vun de griichesche Wierder "Petra" fir Steen an "Ichor" kënnt, wat d'Flëssegkeet war, déi duerch d'Odere vun de ale Griichen hire Gëtter gefloss ass.

Wann elo d'Waasser vum Himmel fält, also wann et reent, da richt een net d'Waasser, mä den Nidderschlag.Duerch Reendrëpsen, déi an e Pull falen, entsti kleng Loftblosen, déi kleng Partikelcher vum Buedem ophuele kënnen. Wann dës Blos elo un d'Surface vum Pull kënnt, da platzt se, an deen Ament geet schonn en Hauch vu Wand duer, fir déi klengste Partikelen an d'Loft ze verdeelen. Wat de Buedem virum Ree méi dréchen ass, wat sech méi Geroch entwéckele kann. Den intensive Geroch hänkt dann awer och nach dovunner of wéi staark et reent. Reent et nëmme liicht, da richt et vill méi intensiv, wéi wann et riicht eran reent, well ze vill Reen d'Aroma och séier nees aus der Loft wäsche kann.

De Ree ka sech esouguer duerch säi Geroch schonn ukënnegen, an et reent net emol. Deen Ament bléist de Wand d'Aroma aus engem noen Nidderschlagsgebitt eriwwer.

Dëse gudden Doft wierkt op gewësse Leit euphoresch. Bei esou munche Leit mécht dëse Reegeroch, een Donnerwieder erréicht esou richteg Perfekt.