Wann e Film am amerikanesche Kino e Succès um Box Office huet, da gëtt méi dacks ewéi net eng Suite, e Sequel vum Studio gefrot. An d'Uso ass an der Reegel: maacht et méi grouss, well bigger is better. Anscheinend. Mee mir wëssen, dat Sequels meeschtens net esou flott sinn. Grad dowéinst, wann och net just. Fir Véiereckeg Aen huet den Tom Dockal eng Suite aus enger bal 40 Joer aler Actionfilmserie, déi flott ass, well se de komplette Géigendeel mécht. Smaller is better souzesoen. Den Tom mam Detail zum Film Prey.

190822 Veiereckeg Aen PREY 10h15

Prey ass e Predator Film. An net deen éischten an och net deen zweeten. Wann een déi zwee Alien vs. Predator Filmer mat dobäirechent, ass dëse Longmetrage Nummer siwen an der Serie. Kee Wonner, dat ënnerwee d'Loft kann ausgoen. Virun allem, wann den Zeenarist vum éischte Film - iwweregens e stone cold classic vum net just nëmmen 80er Actionkino vum John McTiernan a mat engem wonnerprächtege Schwarzenegger an der Haaptroll - säin eegent Material esou onfaassbar viru bal véier Joer a sengem vun him realiséierte Sequel verschass huet, dat een d'Predator Film zurecht fir dout erkläert huet. Mee gutt, heiansdo erkläert een eppes oder iergendeen ze fréi fir dout. Geschitt jidderengem. Well Prey kicks ass, an zwar esou richteg.

Et huet keen et komme gesinn an dofir sech och keng Gedanke gemaach ob et funktionéiere kéint, mee den Dan Trachtenberg a säi Zeenarist hunn de Predator - deen usech aus onerklärleche Grënn op d'Äerd kënnt, fir do alles ze liquidéieren, wat sech a säi Wee stellt - an d'USA vum 18. Joerhonnert gesat. An de Wëlle Westen, an deem d'Comanches nach iwwert déi wonnerschéi wäit Landschaften d'Soen hunn. Dat jonkt Naru, eng héichmotivéiert, wann och nach e bëssi onerfuere Jeeërin, versicht hire Stamm mat ze protegéieren a sech virun allem virun hire männleche Mat-Jeeër beweisen. Just, kee vun hinne gesäit kommen, dat d'proie op eemol kee Léif, mee eng héichsophistiquéiert technesch ekipéiert Killermaschinn aus dem Weltall ass. Mee d'Naru, zesumme mat Mupp, Aaxt, Feil a Bou an Krichsmaquillage, léisst sech net ofhalen.

RTL

© 20th Century Studios

An engem Ëmfeld, an deem Franchise-Filmer alleguerten alleguerte connectéiert sinn an een se net versteet, wann een déi 12 Filmer virdrun net gesinn huet, ass esou e Franchisefilm ewéi Prey ganz erfrëschend. Erfrëschend am Kontext vun esou Filmer. Well Prey funktionnéiert och ganz gutt fir sech. Komplett entschlackt vun all Schischi, deen a senger Einfachheet just den Originalfilm am Hannerkapp huet, presentéieren d'Filmemaacher e Steak Frites vun engem Film. Et weess een, wat um Teller läit, et ass einfach, mee et schmaacht. Déi slick 90 Minutten geheien all Psychologie iwwer Bord - och wann ech mengen, dat sech e Fonken vun enger coming-of-age am Bou vum Naru, iwweregens mat vill Verve vum Amber Midthunder incarnéiert, verstoppt  - a konzentréieren sech op Mënsch géint Déier/Maschinn. E Survivalthriller usech, mat engem kloer feminististeschen Twist an engem bal schonn oldschoole Sënn fir mise en scène, Cadrage a Montage. Et ass einfach glaskloer, cool gemaachtenen Actionkino mat enger Heldin am Zentrum, op dat d'Sarah Connor an d'Ellen Ripley houfreg wieren.