Dat ass alles, mä net gesond. Et soll ee keng Moolzecht am Dag ewechfale loossen. Mir hu mat enger Ernärungscoach geschwat.

Ze vill Stress fir ze iessen? De Reportage vum Radio

"Mealskipping" nennt een dat, wann een eng oder e puer Moolzechten den Dag ausfale léisst. Dat kënnt gären emol vir, wann erëm méi um Büro lass ass, an ee mengt et misst een zum Beispill d'Mëttegiessen iwwersprangen, fir de ganze Pensum vum Schaffdag ze packen. Da fuere mer mëttes einfach virun anstatt eng Paus ze maachen an eppes ze iessen. Dobäi géing dat eis hëllefen eng Zäitchen ze entspanen, fir dono erëm produktiv weiderschaffen ze kënnen.

Bei enger Etüd vun der Universitéit Iowa ass erauskomm, dass Leit, déi reegelméisseg Moolzechten op der Säit loossen, eng manner héich Liewenserwaardung hunn ewéi déi, déi reegelméisseg 3 Mol den Dag iessen. Der Ernärungscoach Kerstin Laubach no, waart eise Kierper nëmmen drop, fir moies a mëttes Närstoffer ze kréien.

Kerstin Laubach: "Fir dass och déi ganz Stoffwiessel-Prozesser an eisem Kierper reiwungslos funktionéieren. A wa mir dat fort loossen, da geréit de Kierper richteg a Stress, et gëtt ganz vill Cortisol ausgeschott. Also moies a mëttes ass souwisou schonn de Cortisol-Spigel héich, mä da gëtt es nach méi gebilt. Mer kommen ëmmer méi a Stress an eise Kierper verlaangt ëmmer méi no Iessen, a léisst eis och keng Rou a schlussendlech iesse mer vill ze vill Kalorien, virun allem dann um Owend."

RTL

© Pixabay

Kritt de Kierper net wat e brauch, plus Stress, kann e krank ginn. A wann en hongereg ass, gëtt et nach méi Stress.

Kerstin Laubach "Mir kënne Blutthéichdrock kréien, deen da weider Krankheete mat sech bréngt. Awer och den Diabetes Typ 2 ass eng Gefor wann ee reegelméisseg Moolzechten ausléisst. Virun allem wa mer moies a mëttes näischt iessen, da ginn zum Owend hin méi Kuelenhydrater giess, wouduerch de Bluttzocker-Spigel an d'Luucht gedriwwe gëtt an dee bleift och iwwer Nuecht héich. Esou gëtt Typ-2-Diabetes begënschtegt."

Och Häerzrhythmus-Stéierungen sinn der amerikanescher Etüd no keng Seelenheet. Méi ewéi 24'000 Erwuessener iwwer 40 Joer hunn drun deelgeholl. Tëscht de Moolzechten gëtt geroden 4 an eng hallef Stonne Paus ze maachen. Hält een déi Zäite net an an et ësst een éischter, geet de Risiko éischter ze stierwen, erëm an d'Luucht.

RTL

© Pixabay

Kerstin Laubach: "Mai Credo ass et, dass een et vermeide soll, Honger ze hunn. Do kommen d'Stresshormoner esou op Touren, dass een op eemol op ganz ongesond Saachen zeréckgräift, virun allem den Zocker. Et soll ee sech ëmmer angeneem sat iessen, et sollt ee net op eppes verzichten. Wann een en zäitleche Problem huet mam Mëttegiessen, da sollt ee sech dru winnen säin Dag gutt ze plangen, mat Zäiten ze plangen, vläicht esouguer 1 bis 2 Deeg an der Woch."

Et heescht also sech gutt ze organiséieren, Dag fir Dag a Woch fir Woch. Donieft sollt een a Rou iessen a sech och Zäit huelen fir ze genéissen, wat een um Teller huet. Virkachen ass och en Deel vun der Léisung.