Joreszäiten definéieren d'Schéinheet vu verschidde Plazen, sou och déi vun Plagen. Den US-Nochichtensender CNN huet déi schéinste Plagen erausgesicht an se de jeeweilege Joreszäiten zougedeelt an ee Plang zesummegestallt, wéini een déi schéinst Plagen am Beschte besiche kann.

24/08/2022 Déi schéinsten Plagen vun der Welt

Op der ganzer Welt ginn et flott Plagen, déi en sech net entgoen loossen sollt, sief et lo an Australien, Südafrika oder Europa. Wann Dir e Frënd vu feinem Sand an azurbloem Waasser sidd, dann misst et Iech am Januar an Indien op d'Gokarna Beach a Karnataka zéien. Ausserdeem kann en do souguer den bekannten Shiva-Tempel besiche goen.

Am Februar geet et dann op d'Miami Beach a Florida, eng Ikone ënnert den Stränn. Do kann een da gäre mol op Filmstars, Kënschtler oder Modelen treffen. Spezial-Tipp vun den Amerikaner: Virun 9 Auer Moies dohi goen, an dann d'Plage fir sech hunn!

Weider geet et a Japan bei Ibusuki, wou e sech am spezielle Kimono an de Vulkansand agrueft, deen de Kierper entgëfte soll. Dofir suergen Thermalquellen, déi de Sand gutt waarm maachen.

Zeréck an Europa kann een am Juni op déi franséisch Insel Korsika op Bonifacio goen. Net sou bekannt wéi d'Côte d'Azur, sinn des Plagen hei awer einfach ze erreechen an wonnerschéin.

Fir net ëmmer sou wäit reesen ze mussen, kann een am Juli op Amrum an Däitschland goen. Iwwer 10 Kilometer laang a bis zu 2 Kilometer breet kann en hei de feinen Sand mat engem Fräiheetsgefill genéissen.

Am November kann en op Lanzarote op d'Playas de Papagayo besonnesch Skulpturen aus dem Museo Atlàntico ënner Waasser bewonneren.