Net op d'Kazen, mä op eis Mënschen. Dir wäert Iech wuel wonneren.

31/08/2022 D'Auswierkunge vum Schnurre vun der Kaz INTERNET

Wat si mer dach frou mat eise kléngen Tigeren doheem. Wien eng Kaz huet, ass net nëmmen en Déierefrënd, mä mécht och nach eppes fir seng Gesondheet. D'Schnurre vun der Kaz soll richteg gutt fir eis sinn.

A villen Etüden ass schonn erauskomm: d'Schnurre vun eise Pussen huet positiv Effekter op eise Kierper. Firwat genee se schnurren huet d'Wëssenschaft nach net erausfonnt, dofir awer wéi gutt et fir eis ass. Den Toun vum Schnurren läit bei 25 bis 45 Hertz

Dass et eis berouegt, dierften déi meescht vun eis gemierkt hunn, un der Universitéit vu Minesota hu se tatsächlech erausfonnt, dat dat typescht Kazegeräisch de Bluttdrock erofdréckt, wouduercher de Risiko fir en Häerzinfarkt ze kréien, erofgeet. Och de Risiko, e Schlag ze kréien, soll erofgoen.

RTL

© Pixabay

Mä wousst Der och dass déi Vibratiounen en Afloss op eis Gelenker hunn? Esou soll d'Geräisch zum Beispill bei Arthros hëllefen. Och d'Schanke profitéieren well un der 'Freie Universität Berlin' hu se erausfonnt dass et den Heelungsprozess vum Kierper ënnerstëtzt. De Wuesstem vun de Schanke gëtt gefërdert. Dat gëllt esouwuel bei Knachebréch ewéi och bei Regeneratioun vun de Schanken.

Bei enger amerikanescher Etüd krute Patiente mat Osteoporos e Këssen opgeluecht wat d'Schnurre vun enger Kaz imitéiert huet, an effektiv sinn d'Schanke méi séier gewuess. Mat Experimenter un Hénger, déi wärend 20 Minutten op eng Vibratiounsplack an deem Frequenzberäich gesat goufen,ass erauskomm dass hir Schanken méi dicht gi sinn.

D'Kazeschnurre kann ee vergläichen mat engem Vibratiounstraining fir Sportler fir d'Muskelen an d'Schanken ze stäerken well mer och do erëm an där Frequenz sinn. An der Sportmedezin gëtt och domadder geschafft fir Muskelkrämp ze léisen.

RTL

© Pixabay

Zu Graz fuersche se mat de Vibratioune vum Schnurren un de Longen fir Asthma- an COPD-kranke Leit ze hëllefen. Bei Patienten, déi d'Vibratiounskëssen op hire Broschtkuerf geluecht hunn, sinn d'Wäerter däitlech besser ginn. Traumapatienten kënnen esouguer eng Schnurr-Therapie maachen: De Wuelfill-Hormon Serotonin gëtt méi ausgeschott. Well och op d'Geräisch eleng reagéiert eise Kierper.

Kazen schnurren iwwregens net nëmme wa se zefridde sinn, mä och wa se gestresst oder nervös sinn a gär hir Rou hätten. Pro Minutt schnurrt eng Kaz iwwregens ëm déi 1500 Mol.