Beweegt Dir Iech an Ärem Alldag am Fong genuch? Oder sëtzt Dir de ganzen Dag am Büro fir Äre Feierowend dann um Kannapee ze verbréngen? No engem ustrengende Schaffdag ass dat zwar verständlech, mä leider net immens gesond. Dofir roden Experten: Gitt spadséieren! Wärend d’Zuel vun de Spadséiergäng wärend der COVID-19-Pandemie an d’Luucht gaangen ass, betount d’Weltgesondheetsorganisatioun awer, dass vill Leit sech trotzdeem nach ëmmer net genuch beweegen. Fir méi doriwwer erauszefannen, firwat spadséieren esou wichteg ass, huet de Bakir Demic mam Dr. Claude Weber geschwat.

29/08/2022 Firwat spadséiere gesond ass (Internet)

Och wa Spadséiere wéi eppes komplett Banales kléngt, passéiert an eisem Kierper immens vill wa mer trëppele ginn. Ëmmerhi si bal alleguer eis 650 Muskele beim Trëppelen aktiv. Déi positiv Auswierkungen op eise Kierper sinn dobäi villfälteg, wéi den Dr. Weber erklärt:

«Natierlech verbrauche mir Kalorien. Dat heescht mir hunn eng Form vun Aktivatioun vun de Muskelen. Mir hunn eng Form vun Aktivatioun vum Basis-Metabolismus wou een d’Kalorië verbraucht, wat gutt ass fir d’Häerz, wat gutt ass fir de Kreeslaf, wat gutt ass fir de Kapp a fir de Psychismus».

Effektiv ass ee Spadséiergang gutt fir eis mental Gesondheet. Trëppele stäerkt nämlech eis Konzentratioun, verbessert eis Memoire, ass hëllefräich géint Depressiounen a verbessert eis Laun. En effektiivt Mëttel also, fir Stress ze bekämpfen an ee méigleche Burn-out z’evitéieren. An nach weider Virdeeler huet Beweegung am Alldag.

«Virun allem fir Leit, déi Häerzkranzgefäss-Erkrankungen oder iwwerhaapt Kreeslaferkrankungen hunn, huet dat en enorme Benefice. Also quasi gläich ze stelle mat verschiddene Medikamenter. Dat ass also wierklech net z’ënnerschätzen».

Tëscht 15 an 20 Minutte sollt ee sech all Dag huele fir d’Been a Beweegung ze bréngen. Dofir muss een net onbedéngt spadséiere goen, mä et kann een och een Hometrainer notzen. Trotzdeem betount den Dr. Weber, dass spadséieren net onbedéngt fir all Mënsch eng ideal Beschäftegung ass.

«Wann's du  lo iwwergewiichteg bass zum Beispill, da recommandéieren ech net spadséieren ze goen, op alle Fall net ze vill wäit. Leit déi iwwergewiichteg sinn, déi belaaschten och beim spadséiere goen natierlech hir Gelenker, also d’Knéien, d’Féiss a sou weider a sou fort. Fir déi ass dat dann net sou gutt wéi zum Beispill éischter Vëlofueren oder schwamme goen».

Beim Schwammen zum Beispill, ginn d’Gelenker vill manner belaascht wéi beim spadséieren. Mä trotzdeem, dat betount den Dr. Weber, ass et ëmmer eng individuell Fro ob, a wéi vill, ee spadséiere soll wann ee gesondheetlech Problemer huet. Idealerweis kläert een dat da mat sengem eegenen Hausdokter.

Iwwregens: Mengt net, dass ee Spadséieren net kann an eng Kategorie mat Schwammen oder Vëlosfuere setzen. Och Spadséieren ass eng sportlech Aktivitéit, wann och déi einfachst, déi wuel existéiert.