D'Fëmmen ass ongesond, dat weess jiddereen. An awer fëmmen nach ëmmer vill Leit all Dag Zigaretten. Mee ass et eigentlech méi gesond wann een den Nikotin-Wäert an den Zigaretten erof setzt? D'Laura Lessyn ass där Fro nogaangen.

30/08/2022 Den Nikotin-Wäert an de Zigaretten erof setzen (Internet)

D'Fëmmen ass nach ëmmer e grousst Thema an eiser Gesellschaft. Et gi Leit déi konsuméieren reegelméisseg Zigaretten an da ginn et Leit déi kënnen Zigaretten net emol richen. Aner Leit fëmmen heiansdo eng Zigarett, zum Beispill beim Erausgoen. Mee ass de Konsum bei deene jonken Erwuesse méi oder manner ginn an deenen leeschten Joren? D'Lucienne Thommes, Directrice vun der Fondation Cancer:

"Am allgemengen ass Fëmme bei deene jonken Erwuessenen däitlech méi ginn an de leeschten Joren.  Mir haten eng relativ Stabilitéit, mee et muss een awer soen tëschent 2018 an 2021 dat sinn déi lescht Chiffere wou mir hunn, ass wierklech eng staark Hausse festgestallt ginn. Dat heescht och, dass mir an deenen leschten 5 Joer, bei deenen 18 bis 24 järegen eng Hausse vun 68 Prozent hunn. An bei deenen tëschent 25 a 34 Joer eng Hausse vu 37 Prozent hunn. Vir eng Iddi ze kréien ewéi katastrophal momentan d’Situatioun hei zu Lëtzebuerg bei deenen Jonken erwuessenen ass."

Mir hunn hei zu Lëtzebuerg 3 Gesetzgebungen a Punkto Zigaretten. Déi éischt ass 2006 entstanen, duerno goufen dës Gesetzer ëmmer nees adaptéiert. Eemol 2013 an zum Schluss nach 2017.
Et ass hei zu Lëtzebuerg eréischt ab 18 Joer erlaabt Zigaretten ze konsuméieren. Ee Volljäregen dierf net engem mannerjäregen Zigaretten oder aner Tubaksprodukter verkafen oder weider ginn.
Jiddereen weess dass et verbueden ass op ëffentlechen Placen ze fëmmen, wéi zum Beispill a Restauranten, Bistroen oder Akafszentrumen. Iwwerall do wou de Grand Public sech versammelt ass et net erlaabt. Mee och op Spillplazen. Wann een Kanner huet déi nach ënner 12 Joer al sinn dierf een net bei hinnen zou Zigaretten am Auto konsuméieren.

Mee géing et hëllefen wann een den Zigaretten Konsum géif reduzéieren? Neiséiland huet dat wëlles ze maachen.

RTL

© pixabay.com

"Dozou muss en soen dass Studien gemaach goufen di den Interêt vu sou enger Moossnam bestätegen. Et ass erausfonnt ginn, an dat wësse mir jo all, dass de Nikotin déi Substanz ass, déi mécht dass een ofhängeg gëtt. Neiséiland erhofft sech dann, wa se de Nikotin-Wäert erof setzen, dass enger Säits déi Jonk, déi an deem Alter oft einfach emol Produiten probéieren, wat och normal ass, net an eng Ofhängegkeet eran rutschen. Sie hunn och eraus fonnt dass déi Leit déi fëmmen, manner Loscht hunn ze fëmmen, wann manner Nikotin dran ass. An dann ass et och méi einfach opzehalen mat fëmmen."

Hei zu Lëtzebuerg huet een nach net wëlles dësen Nikotin-Wäert erof ze setzen.

Zigarette sinn net nëmme schiedlech fir de Mënsch mee och fir d'Ëmwelt. Well d'Leit hiren Zigarettestomp ganz oft einfach op de Bueden geheien anstatt an eng Dreckskëscht. Mee de Mënsch ass gesondheetlech am Meeschten dovunner betraff, do ass praktesch all Organ betraff egal op aktiv oder passiv fëmmen.

"Fir Iech eng Iddi ze ginn, all 3te Kriibs, gëtt gesot, ass duerch den Tubak provozéiert ginn. 8 vun 10 Longekriibs-Fäll sinn duerch d'Fëmmen. Den Tubak ass mat verantwortlech fir iwwer 16 aner Zorten vu Kriibs. Den Tubak hei zu Lëtzebuerg ass dofir verantwortlech dass all Joer 1.000 Leit un de Suitten vum Tubak stierwen. Weltwäit sinn dat all Joer 8 Milliounen Mënschen."

Zum Beispill den CHL an der Stad bitt extra Hëllefen un, fir dass Dir Äre Zigarette-Sucht an de Greff kënnt kréien. Oder Dir probéiert et eleng, do ginn et vill interessant Méiglechkeeten.