Et ginn jo Leit déi schonn vill Déieren doheem hunn oder haten a sech ganz gutt virstellen kënnen selwer eng Diagnose bei engem Hond oder eng Kaz ze huelen. Et ass awer meeschtens net schlecht eng zweet Meenung anzehuelen, an dat bei engem Spezialist vu sengem Fach. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet et haut mat enger Krankheet ze dinn déi bei Kazen virkomme kann.

De Bibi e wonnerschéinen, léiwe Routtiger war vill krank. Hien huet bal nëmme nach geschlof. Matten iwwert dem Friessen ass en heiansdo wéi vum Bëlles gebass an d´Héiluucht gesprongen a fortgelaf. Well hien scho rabbeleg gi war an op eemol och komesch gegierkst huet, hu seng Leit hien emol an d´Praxis bruecht. De Bibi, soss ganz gedëlleg, wollt sech dës Kéier guer net bannen am Mond ënnersiche loossen.

30-08-2022 Déierentipp - Romi Roth - Den Eisinophile Granulom bei Kazen

Dann ass ee bei enger Kaz awer schlecht drun? Muss een de Patient dann an eng Anesthésie leeën, just fier en ënnersicht ze kréien?

Wéi mir hien mat enger Decken wéi eng Mumie ëmwéckelt haten, konnte mir hien an d´Schnëss kucken. An du war kloer, wou den Hues am Peffer louch: Dem Bibi säi Mond war bannendran wéi wann do eng Bomm explodéiert wier. Alles war feierrout geschwollen an entzünt. A ganz hanne bei der Schléck hat hien eppes, wat wéi Choufleur ausgesinn huet a laanscht dat hien net méi schlécke konnt. De Bibi hat den "Eosinophilen Granulom Komplex",  EGK, oder och Kaze-Stomatitis-Komplex, bei dem den Immunsystem sech op eemol géint den  eegene Kierper dréint an deen ugräift aplaz en ze verdeedegen. Net liicht ze behandelen, heiansdo carrement therapieresistent bis och de leschten Zant gezunn ass. De Bibi, bei deem d´Krankheet séier fort war mä dunn erëmkoum muss elo reegelméisseg mat engem Medikament behandelt ginn, dat säin Immunsystem berouegt.

30-08-2022 Déierentipp - Romi Roth - Den Eisinophile Granulom - Behandlung