Eis Schlofkummer soll eng Entspanungsoas bleiwen. Et soll een zur Rou kommen, a virun allem e gudde Schlof kréien. Dofir soll dir des 4 Saachen aus ärer Schlofkummer verbannen. D'Laura Lessyn.

31/08/2022 4 Saachen déi näischt an der Schlofkummer verluer hunn (Internet)

Schlofen ass ganz wichteg vir de Mënsch. Bei engem nervöse Schlof, schléit dat op Gesondheet, egal op Kierperlech oder Mental. An der Schlofkummer soll et ëmmer uerdentlech bleiwen, vill Saache gehéieren net dohinner. "Weniger ist manchmal mehr", wann ze vill duercherneen an der Kummer ass, mécht ee sech Gedanken iwwert dës Wull amplaz an där Zäit erof ze kommen a lues a lues z'entspanen.

Pabeierkrom wéi Rechnungen, Kontrakter a Co

Wann Dir doheem d'Méiglechkeet hutt e Büro ze hunn, da sollt Der dëse Raum och fir de Pabeierkrom notzen. Pabeieren an der Schlofkummer maachen nervös. Dir musst ëmmer permanent drun denke, wat Dir nach ze maachen hutt. Dat hëlt engem de Schlof.

De Koup Kleeder

Mir kennen et all, mir hunn eng Couch an eiser Schlofkummer stoen. Mee des Couch gëtt méi als Garderobe genotzt, ewéi als Sëtzplaz. Do ass de Risiko awer grouss, nees Duercherneen an der Schlofkummer ze hunn, wat dann och nees de Kapp duerchernee bréngt. Dofir kënnt der Iech besser organiséieren. Wat dinn ech un? Eng Fro déi ee sech schonn den Dag virdru stelle kann. E Wäschkuerf an der Kummer ass gutt fir déi knaschteg Wäsch dran ze geheien.

RTL

© pixabay.com

D'Technik

D'Schlofkummer sollt en digitalen-Detox sinn. Alles ewéi zum Beispill Laptop, I-Pad oder Tëlee, kennt Dir an Ärer Stuff oder an Ärem Büro léie loossen. Är Aen an Äre Kierper soe Merci. Hautdesdaags soll ee sech Pausen vun dëser Elektronik verschafen, fir ofzeschalten.

Gewulls ënnert dem Bett

Saachen déi ënnert dem Bett leien, brauch ee meeschtens guer net méi. Et kann ee sech net richteg vun dëse Saachen trennen, a ganz oft weess ee guer net méi richteg wat do an deene Këschten ënnert dem Bett iwwerhaapt läit. Dat sinn am Endeffekt just Stëbsfänkerten an et ass nerveg ënnert dem Bett propper ze maachen. Déi eenzeg Ausnam ass Bettgedecks, mee dëst notzt der jo an och méi dacks.