Wann een u Griicheland an un déi populär Reesdestinatioune wéi Mykonos oder Santorini denkt, da kommen engem automatesch  Dierfer mat wäissen Haiser mat bloen Elementer an de Kapp. Do stellt sech natierlech d’ Fro firwat dat esou ass.

31/08/2022 Firwat a Griichenland d'Häiser blo-wäiss sinn.

Engersäits huet dat e ganz prakteschen Grond : Fréier hunn d’Griichen hier Haiser haaptsächlech aus engem bestëmmten Fiels gebaut dee se zur Verfügung haten. Holz war, virun allem op den ägäeschen Inselen, rar. Dëse Steen huet allerdéngs eng zimmlech däischter Faarf, déi d’Sonn gutt absorbéiert, wat dozou gefouert huet, dass et am Summer bannent den Haiser elle waarm gouf. Fir deem entgéint ze wierke goufen d’Steng du wäiss ugestrach.

Et lount sech awer och e Bléck an d’Geschichtsbicher  ze werfen, fir erauszefannen firwat e Groussdeel vun de griicheschen Haiser am wäiss-bloen Faarfschema gehalen ass.
 

Kuerz virum zweeten Weltkrich ass am südosteuropäeschen Land d’Cholera ausgebrach. Den deemolegen Diktator Metaxas huet doropshin ordonéiert, dass all Haus misst wäiss ugestrach gi. Firwat grad wäiss? Well déi wäiss Faarf mat där een d’Haiser ugestrach huet Kallek enthal huet, deen sengersäits als staarkt Desinfektiounsmëttel gëllt. Freet sech just nach wouhier déi blo Faarf da komm ass? Dat huet e ganz einfachen Grond: Déi vill Fëscher op de griicheschen Inselen hunn hier Booter meeschtens blo ugestrach, well et déi bëllegsten disponibel Faarf war, an dat wat iwwreg bliwwen ass hu se du fir hier Hausdieren asw. benotzt. Am Laf vun der griichescher Militärdiktatur, tëscht 1967 an 1974, war et souguer Gesetz d’Haiser an den Faarwen vum griicheschen Fändel unzesträichen. Dat sollt de Patriotismus fërderen. An och wann dëst Gesetz däitlech méi labber gemaach gouf, sträichen d’Leit an Griicheland trotzdeem nach ëmmer gär hier Haiser blo an wäiss.