E stabilt Réckgrat kënnt vun enger oprechter Haltung - charakterlech genee esou wéi kierperlech. Trotzdeem zielt Réckwéi zu den heefegste Vollekskrankheeten iwwerhaapt. Ee vun den Haaptgrënn ass d'Bürosaarbecht an der moderner Gesellschaft, déi quasi nëmmen am sëtze geet, wärend de sportlechen Ausgläich meeschtens ze kuerz kënnt. Onausgeglachen an eesäiteg Belaaschtungen strapazéieren de Stäip- a Bewegungsapparat an hei kommen d'Physiotheraputen, oder d'Kinéen an d'Spill, déi méiglech Muskel- Bänner a Gelenkproblemer duerch gezielten Therapien erliichteren an och de Bewegungscapacitéit vun eeleren, kranken oder blesséierte Mënschen fërderen, Michèle Schons?

08/09/2022 Dag vun der Kinesitherapie mam Thema Osteoarthrite

De Weltdag vun de Kiné'en ass all Joer um 8te September a bitt de Kinésitherapeuten aus der ganzer Welt d'Méiglechkeet fir e Bäitrag zu hirem Beruff, zur Gesondheet der Mobilitéit an der Onofhängegkeet vun de leit opmierksam ze maachen. De Schwéierpunkt dëst Joer läit op der Osteoarthrose, wéi d'Carmen Glod, Responsabel vun der internationaler Relatioun vun der ALK eis erkläert: 

Dat ass einfach e globale Problem. Dat heescht et ass ee vun den Haaptgrënn fir kierperlech Aschränkungen a weltwäit sinn 520 Millioune Mënsche vun der Arthrose betraff. Arthrose ass déi heefegst Gelenkkrankheet a kann all Gelenk betreffe, ma meeschtens ass et de Knéi, d'Hëft oder d'Hänn déi betraff sinn. Bei der Arthrose ginn et verschidde Stadien, dat kann eng kleng Verletzung um Gelenk am Ufank sinn, esou dass de Kierper sech selwer  erhuele kann wann ee mat Zäite reagéiert, mee wat d'Arthrose méi fortgeschratt ass, wat och de Knorpel ugegraff gëtt, doduerch kann d'Schank sech verformen, et kënnt zu Gelenkentzündungen an doduerch huet de Patient ëmmer méi Aschränkungen an sengem Alldag.

RTL

© Luxkiné alk.lu

Den Internationalen Dag vun der Kinesitherapie gouf am Joer 2009 vun der World Confederation for Physical Therapy an d'Liewe geruff a gëtt all Joer um 8 September gefeiert. Hei soll e Bewosstsinn fir d'Roll vum Kinesitherapeut geschaaft ginn. D'ALK huet dofir zesumme mam Rehazenter e Stand.

Mir hunn dëst Joer e Stand an der Belle Etoile, wou mer vun 9 bis 19 Auer de Leit mat Informatiounen zur Verfügung stinn, fir Froen ze beäntwerten, fir d'Leit iwwert d'Thema vun dësem Joer opzeklären, a fir ze hëllefen, wann een e Problem huet fir e Kiné an senger Géigend mat enger bestëmmter Funktioun ze fannen.

RTL

© Luxkiné alk.lu

E Weltdag, deen also net nëmmen de Beruff vum Kiné beliicht, ma och iwwert d'Plus-value vun der Physiotherapie informéiert.

RTL

© Luxkiné alk.lu