Wat de Wanter méi nokënnt, wat d'Angscht méi grouss gëtt virun enger kaler Saison. Dorunner gekoppelt sinn natierlech déi héich Heizkäschten. Loosse mer mol kucke wéi déi Saach mam Gas-Präis weider geet, wat d'Regierung um Enn festhält.
Vill Leit hunn lo oballefall Angscht wann se un hir Rechnung oder Avance denken a si froe sech wéi héich déi déi nächste Kéier gëtt. Spueren ass eng Saach, mä eng Famill mat 2 Kanner kann och net de Wanter iwwer kal sëtzen an zidderen.

Muss een elo fäerten dass de Proprietäre dem Locataire d'Heizung ausdréit wann deen net méi bezuele kann? Wat seet d'Gesetz derzou. Gehéiert d'Heizen net zu den Grondrechter déi een huet? A wéi ass et op där anerer Säit wann een iwwerdreiwe géif?

20/09/2022 Fro den Affekot: Kann een engem doheem de Gas opfpären?