"Ouni Kapp" nennt sech eng zeenech Liesung, déi muer an e Sonndeg de Moien zu Biergem am Pop-Up-Village beim Kulturzenter "Am Nëssert" ass. Et ass en Deel vum Maskenada-Projet " E Roude Fuedem duerch de roude Buedem" fir Esch 2022. Op hirer Sich no Leegenden aus der Géigend si si hei der Fra ouni Kapp begéint. Véier jonk Schrëftsteller spannen dorausser eng Geschicht. Christiane Kremer

09/09/2022 Liesung "Ouni Kapp" zu Biergem

Et si véier Texter, véier Genren, véier Sproochen - den Antoine Pohu schreift op franséisch, d'Sandy Heep op däitsch, de Cosimo Suglia op lëtzebuergesch an den Fernando Da Mota Martins op englesch. Mee et geet ëmmer erëm ëm d'Legenden aus der Géigend, wéi d'Daliah Kentges, déi d'Regie mécht, erkläert.

CUT

Zu Monnerech wou et d'Legend ouni Kapp ass oder de Laangholzjeeër, déi een nuets am Bësch begéint. Déi sinn opgegraff ginn, a se gi weider gesponnen fir de Lien zu der Gesellschaft vun haut ze maachen an et gëtt probéiert hinnen Neis ze entlackelen.

Déi zwou Seancë vun de Liesungen, ënnert dem Motto "Ouni Kapp" si muer Samschdeg an e Sonndeg um hallwer 12. Et dauert eng gutt dréivéierel Stonn. Dono kann een awer och am Pop-Up-Village zu Biergem bleiwen, wellt et gi weider Animatiounen a Performance gebueden.