D'Michèle ass haut nees mat der SuperDrecksKëscht ënnerwee an et geet em de Projet Eisebunnsschwellen. Wat et domat op sech huet, erkläert et iech elo:

29/09/2022 Ënnerwee mat der SuperDrecksKëscht - Eisebunnsschwellen

Fréier hunn sech d’Leit gären al ausrangéiert Eisebunnsschwelle besuergt fir déi an hirem Gaart ze verbauen. Dat war bis 2001 och erlaabt. Mëttlerweil ass awer bekannt dass d'Schwellen Ëmwelt,- a gesondheetsschiedlech sinn, Thierry Frères vun der SuperDrecksKëscht:

Dowéinst ass et säit 2002 an der EU verbueden Schwellen un privat Leit weider ze ginn. Wann een se lo entsuergen wëll dierf een se et bei dat aalt Holz schmäissen. Wéinst der gëfteger Imprägnéierung ginn se nämlech als Sondermüll agestuuft, wat d’Entsuergung fir den Bierger méi komplizéiert mécht. Dofir bitt d'SuperDrecksKëscht säit Juni 2017 d’gratis Entsuergung vun den Schwellen un.

Wat genau ass dann sou ëmweltschiedlech?

Fir d’Holz virun Verwitteren ze schützen ginn se mat Kreosot traitéiert. Kreosot ass een Teerueleg deen aus fillen organeschen Substanzen besteet vun deenen vereenzelt Substanzen kriibserreegend sinn. ZB den Benzo[a]pyren deen souguer den Haaptbestanddeel vum Kreosot ass. Dann halen déi Schwellen och net éiweg. Matt der Zäit ginn des Schuedstoffer duerch den Reen ausgewäsch oder bei héijen Temperaturen verdonsten se a ginn sou an d’Ëmwelt fräigesat.

RTL

© pixabay

Wat sinn Konditiounen fir d'Entsuergung vun der SDK?

Wat ganz wichteg ass; Schwellen mussen aus dem privaten Haushalt stamen. Da mussen se ausgebaut an op enger Palette, oder wann een keng Palett huet op Kanthölzer gelagert ginn. Mir kommen se dann op d’Platz sichen.
Ech proposéieren awer, iert een alles präparéiert eis am Viraus eng Kéier ze kontaktéieren fir dass een dat zesummen plangen kann.

Wat geschitt duerno mat den Schwellen?

Schwellen ginn vun Colmer-Bierg aus vun enger Partnerfirma op Neuwied bei Koblenz  an een Biomasse-Heizkraaftwierk transportéiert. Do ginn se fir d’éischt  zerschreddert an duerno an enger spezieller Verbrennungsanlag déi mat enger moderner Filteranlag gekoppelt ass verbrannt. Déi Wärmeenergie déi dobäi entsteet gëtt genotzt fir d’Anlag an d’Noperschaft mat Hëtzt ze versuergen.

Dir wëllt méi iwwert d'Servicer vun der SuperDrecksKëscht gewuer ginn:

RTL

© www.sdk.lu