En Déier wëll sengem Meeschter Freed an Distraktioun bréngen, awer wann engem säin treien Begleeder e Problem huet, dann ass deen, deen en un der Léngt hält, de Mupp fleegt an heemelt och net an der Rei. Dee Moment gëtt d'RTL Déierendoktesch Romi Roth ageschalt, a kann och meeschtens hëllefen.

Dem Mops Gino seng Guckelcher ware rout an hu wässreg getréint. Seng Meeschtesch huet alt gemengt, dat wier, well d´Aen bei där Rass e bësse no vir stinn, do kënnt dann och all Stëbskär méi liicht drun. Aus der eegener Apdikt hat si Tréinenersatz-Drëpsen, déi och gutt gehollef hunn, bis den Gino no hier geschnaapt huet, wa si mat der Fläschelche komm ass. Och an der Praxis war hien vun elauter Péng esou rosen, dass eng  Berouegung néideg war fir seng Aen ze ënnersichen. Op béide Säiten ass dunn eng schwéier Conjonctivite mat enger Harhautentzündung, enger Keratite fonnt ginn.

13-09-2022 Déierentipp - Romi Roth - KCS - Feststellung

Kee Wonner, dass hien sech dat net méi gefale gelooss huet. Alles, wat un der Harhaut, der Fënster vum A, net an der Rei ass, muss scho fir d'Visioun an domadder d'Iwwerliewen am Wollefsbiotop ze schützen - immens wéi doen?

Och bei engem Mops, dee jo vum Wollef wäit fort ass, an dowéinst nach vill méi kriddeleg Aen huet. Mat engem Test goufen dem Gino seng Tréinendrüsen ënnersicht. Dobäi gëtt mat enger Stéck speziell genormtem Filterpabeier ofgelies, wéi séier d´Tréinen dat naass maachen. Beim Gino sinn déi Filterziedelcher bal ganz dréche bliwwen. Hien hat eng béidsäiteg KCS, "Kératoconjonctivite sèche" oder dréchent A. Hien huet dunn emol  misse géint Péng behandelt ginn, duerno ass dat mat den Drëpsen ganz gutt gaange. Ee Gléck well KCS ass net ze heelen . D´Drëpsemedikament muss hien dowéinst fir de Rescht vu sengem Liewen e puermol all Dag a seng Ae kréien.

13-09-2022 Déierentipp - Romi Roth - KCS - Behandlung