Wat ginn ech mengen Kand fir z'iessen mat an d'Schoul?

16/09/2022 De perfekte Pausesnack

Déi Gedanken hu sech vill Elteren bestëmmt elo nees mat der Rentrée gemaach fir dass d'Kand moies an der Paus och eppes z'iessen huet.

Mir hunn dat nogefrot a kruten Äntwerten vum Dieteticien Sven Majerus deen ënnersträicht, dass et soll ee vollwäertege Pausesnack sinn.

Wourauser besteet deen dann?

"Dee besteet eigentlech aus allen Ernärungsgruppen. Dat heescht also e vollwäertege Pausesnack huet Kuelenhydrater, huet Fetter, e bëssen Eewäiss an och eben Uebst oder Geméis. Zum Beispill kéint een elo do matginn eng Schmier. Och do beim Brout bëssen op d'Qualitéit oppassen. Net ëmmer dat selwecht matginn, bëssen variéieren. An do drop kéint een dann zum Beispill Kéis maachen. Dat kann elo Stoffi sinn oder haarde Kéis wéi Gouda. Awer och déi planzlech Alternativen sinn natierlech interessant, sou wéi Humus oder et gëtt jo mëttlerweil och ëmmer méi därer Geméispasten déi do a Fro kéimen. An da kann een dobäi e Stéck Uebst ginn, zum Beispill en Apel, Mandarinnen oder soss en Uebst."

Oder déi Geméis-Sticks, do kann een dann och mat de Faarwen spillen wann een elo Paprika hëlt.

"Sou als klenge Supplement kann een och nach d'Nëss uginn a gedréchent Friichten. Natierlech hei ëmmer gutt drop oppassen, dass se naturbeloosse sinn, dass se net nogezéckert sinn wéi elo zum Beispill gedréchent Friichten oder wann et ëm d'Nëss geet, dass se gesalzt wieren, dat soll een da vermeiden."

RTL

© Pixabay

Saachen wéi Schockela oder Kamellen soll een op d'Säit loossen, do géif sech ze séier un dat Séisst gewinnt ginn. Nach eemol de Sven Majerus.

"Och eleng nutritionell sinn déi Liewensmëttel guer net wäertvoll. Am Kader vun der Schoul kommen se souwisou meeschtens an de Genoss vun deenen dote Saachen. Ech denken elo zum Beispill un de Gebuertsdagskuch oder wann en Ausfluch ass wou oft och méi extra Saachen ugebuede ginn. Dann ass dat jo och ok, well dann ass et en extra, dat heescht et ass eppes wat net alldeeglech ass, an dann ass dat jo ok, well et ass jo net wéi wann déi Saachen verbuede wieren."

Déi Recommandatiounen vun deenen elo geschwat gouf, dat gëllt fir all Altersgrupp. Am Prinzip also och fir eis. Dat eenzegt wat sech ännert bei de Kanner, dat ass de Verbrauch. Bei engem vu 5 Joer ass dat en aneren wéi dee vun engem vun 10 Joer.

"Soudass natierlech lues a lues am Alter aus enger Schmier och mol méi eng grouss Schmier gëtt oder villäicht zwou Schmieren, grad wéi och d'Uebst an d'Geméis wat am Volumen an d'Luucht geet. Wou ee villäicht soll drop oppassen: dass een de Kanner net ze vill matgëtt, soudass se fir mëttes erëm e bëssen Appetit hunn well d'Mëttegiessen jo och eng ganz wichteg Moolzecht duerstellt an net dass se da keen Honger méi hunn an d'Mëttegiessen géifen ausloossen, wat keng sou eng gutt Iddi wier."

Op déi Moolzecht hunn d'Elteren da keen Afloss méi...

RTL

© Sven Majerus