Engersäits louch et op der Hand, de Film, dee virun e puer Méint d'Gëlle Palm gewonnen huet, als Film vun der Woch erauszesichen. De palméierten Triangle of Sadness vum Ruben Östlund leeft nämlech säit e Mëttwoch an de Kinoen. Anerersäits ass awer och eng nei romantesch Komedie ugelaf. Eng mam Julia Roberts a mam George Clooney an den Haaptrollen. Grond genuch fir den Tom Dockal, genee dee Film, Ticket to Paradise als Film vun der Woch ze deklaréieren.

011022 Film vun der Woch TICKET TO PARADISE 9h10

Gëlle Palme ginn all Joer un e Filme verdeelt. Mee eng romantesch Komedie mat Roberts a Clooney? Dat ass dëser Deeg vill méi rar geséint. Verstitt mech net falsch, esou Filmer gëtt et weiderhin nach ëmmer méi ewéi genuch - kuckt iech d'Streamingplattformen un, enfin, do kuckt der se all bestëmmt - mee esou ee Film, mat Hollywood-Superstars op der Affiche, an dann nach richteg am Kino... Hand op d'Häerz, kënnt dir iech erënneren, wéini een esou eppes proposéiert huet? Nee? Ech och net.

De Plot vun Ticket to Paradise ass hauchdënn. Roberts a Clooney spillen eng gescheete Koppel, déi sech fir d'Baschten net verdrinn an an d'Hoer kritt, wann se och just eng Sekonn gläichzäiteg an engem Raum ass. E genee dat geschitt natierlech zimmlech direkt. Hir gemeinsam Duechter huet nämlech di zwee op d'Diplomiwwerreechung vun der Schoul invitéiert. Kuerz dono stinn di dräi schonn um Flughafen. D'Duechter Lily huet sech eng Auszäit verdéngt a flitt mat enger Frëndin, iert hatt säi Stage an engem Affekotebüro untrëtt, op Bali an d'Vakanz. Mee d'Liewe mécht der jonker Fra e Stréch duerch d'Rechnung. Et dauert net laang, iert hatt do hannen e beau gosse kenneléiert, di zwee sech verléiwen an decidéieren sech ze bestueden. D'Eltere ginn natierlech op d'Hochzäit invitéiert. Clooney a Roberts decidéieren, kuerzzäiteg e couvre feu anzehale fir e Plang auszehecken: nëmmen dofir ze suergen, dat sech d'Meedchen net mam Jong bestuet. Koste es was es wolle. Hatt kann net esou fréi den nämmlechte Feeler maachen ewéi seng Elteren.

RTL

© Universal Pictures

Jiddereen deen an esou e Film erageet, weess, ewéi et ausgeet. An neen, kee Mënsch, awer wierklech kee Mënsch geet Ticket to Paradise kucke fir seng dramaturgesch Revirementer an en nuancéierten an déiftepsychologesche Portrait vu senge Protagonisten. De Kinosticket gëtt aus zwee Grënn bezuelt: George Clooney an Julia Roberts. Net méi, mee virun allem awer net manner. Am Film vum Ol Parker - dee fir dee spektakuläre Mamma Mia: Here We Go Again verantwortlech ass - gëtt och net eng Sekonn ironesch mam Ae gezwinkert. Nom Motto: kuckt iech déi zwee un. Si ginn och net méi jonk. Genau ewéi mir all. Nee, mir sinn um éischten Degré. Et geet mam Clooney a mam Roberts op Bali an d'Vakanz. Fäerdeg. Ganz onzynesch. Méi bëlleg, de Präiss vun engem Kinosticket, geet et net an d'Vakanz. Bon, den Ol Parker ass kee George Cukor oder Howard Hawks, kee Meeschter vun der Screwball-Komedie an der RomCom vun den 1930 a 40er, mee wien ass dat schon. Ticket to Paradise ass reng objektiv kee monsterméisseg gudde Film, mee maache mer eis näischt vir, dat ass Triangle of Sadness, den zu Cannes palméierte Film, och net. De partie pris, e Film ronderëm de Charme an d'Chimie vun zwee Hollywood-Superstars ze bauen, geet op. Esou einfach kann Eskapismus sinn.

RTL

© Universal Pictures