E puer Wochen no der finnescher Ministerpresidentin Sanna Marin gouf elo och de kanadesche Premier "beim Feieren erwëscht".

Den Justin Trudeau war zu London fir um Staatsbegriefnis vun der Queen Elisabeth II. deel ze huelen. Haut ass dunn e klenge Video opgedaucht, anscheinend vun e Samschdeg, op deem den Trudeau probéiert, Freddie Mercury ze spillen.

Tjo, méi ass net ze héieren an och net ze gesinn. Den Trudeau war effektiv samschdes owes zesumme mat der kanadescher Delegatioun iessen, an duerno nach an der Hotelsbar passéiert. Mat dobäi war och de Museker Gregory Charles, dee sech dunn bei de Piano gesat an d'Bohemian Rhapsody ugestëmmt huet. An et huet net laang gedauert, bis eenzel Membere vun der Delegatioun, eben och de Premier, matgesongen hunn.

Natierlech hunn d'Reaktiounen net laang op sech waarde gelooss. Onerhéiert, esou en Optrëtt am Virfeld vun enger Trauerfeier engersäits, anerersäits krut den Justin awer och genuch Daumen no uewen.

De Musekjournalist Adam Feibel huet schlussendlech gemengt: "Dem Justin Trudeau seng Versioun vu Bohemian Rhapsody ass net respektlos géintiwwer der verstuerwener Kinnigin, mä wuel éischter géintiwwer der Band Queen".