Haut virun 175 Joer gouf déi éischt Rout Mauritius ofgestempelt. De Wäert war deemools 1 Penny, haut gi Milliounen Euro dofir bezuelt.

Dreemen ass jo ëmmer erlaabt. Sief et vun enger Vakanz an engem tropeschen Inselparadäis oder vun e puer Milliounen Euro méi um Kont. Abee beim Wuert «Mauritius» kann duebel gedreemt ginn. Déi kleng Insel, ëstlech vu Madagaskar, ass ë.a. bekannt fir 2 Timberen. E bloen an e rouden. Den 21. September 1847 – haut virun 175 Joer – koumen op Mauritus zwou Serien à 500 Exemplairen eraus. Een orange-rouden Timber vun 1 Penny fir déi lokal Post an een déif-bloen vun 2 Penny fir Iwwerséi.

D’Madamm vum deemolege Gouverneur, d’Lady Elizabeth Gomm, huet deen Dag selwer nach e puer där rouder op Bréiwer gepecht – et waren Invitatioune fir e Bal.

Déi 1000 Käppercher waren iwwregens ganz séier fort, ausverkaaft. Wat se awer esou extra gemaach huet, wat e Feeler. Amplaz «Post Paid» war lénks vertikal «Post Office» ze liesen. Dee Feeler gouf dunn awer bei där nächster Serie, déi gedréckt gouf, korrigéiert.

Vun deenen 1000 sinn der, esou Experten, just nach 27 erhalen. 15 rouder an 12 bloer. Déi meescht dovunner kann een hanner Panzerglas weltwäit an diverse Muséeën bewonneren. An heiansdo gëtt och mol esou eng Mauritius versteet. Dat war zejoert an Däitschland de Fall an hei huet esou eng Invitatioun fir op de Bal mam rouden Timber fir 8,1 Millioun Euro de Besëtzer gewiesselt.