Haut ass den EU-Bio-Dag. An deem Kader ginn zu Bréissel d'Organic Awards organiséiert. Mam Tom Kass vu Rolleng ass och ee Lëtzebuerger ënnert de Nominéierten, dat an der Kategorie "Beschte Bio Landwirt".

23/09/2022 EU Organic Awards

Ma wat sinn d'Organic Awards iwwerhaapt?

D’EU Organic Awards, déi dëst Joer fir d’éischte Kéier vun der Europäescher Kommissioun iwwerreecht ginn, zeechnen d'Bio-Betriber aus, déi mat hiren innovative Projeten e Méiwäert fir d'Regioun bidden. Tëscht 3 Finalisten an all Kategorie, gëtt all Kéiers ee Gewënner gekréint. Nieft dem Tom Kass stinn an der Kategorie "beschte Bio Landwirt" och nach den Italiener Gianpaolo Mancini an de Kroat David Pejic an der Finall. Am ganze ginn et 7 verschidde Kategorien. Do dobäi ass ënner anerem déi "beschte Bio Stad" oder awer och de "beschte Bio Restaurant.

A wisou goufen dës Awards an d'Liewe geruff?

Dat ganzt ass am Kader vum Aktiounsplang fir d'Fërderung vun der Bio-Produktioun. Dëse gesäit vir, datt d'Bio-Landwirtschaft bis 2030 en Undeel vu 25 Prozent vun der landwirtschaftlech genotzter Fläch an der EU erreecht. Et wier Zäit fir handelen. Haaptsächlech geet et drëms d'Bio-Produktioun unzekuerbelen andeems d'Leit méi vun dëse Produite consomméieren. Dofir misst d'Ëffentlechkeet awer mol méi iwwert d'Virdeeler vun der Bio-Produktioun informéiert ginn. Bio-Liewensmëttel a Landwirtschaft hunn en direkten Impakt op eist Klima an d'Ëmwelt. Well manner bis guer keng Pestiziden an Dünger benotzt ginn, gëtt de Buedem geschount an d'Auswierkungen op d'Ëmwelt miniméiert. Sur Place wäert och den EU-Landwirtschaftskommissär Janusz Wojciechowski sinn an appelléiert un all d'Acteure vum Bio-Landbau och d'nächst Joer eng Kandidatur eran ze ginn. De Präis wier ee Schratt an déi richteg Richtung.

A wat sinn d'Präisser?

Ze gewannen gëtt et eigentlech näischt, ausser den Titel natierlech an dat ass dach eng Éier. Suen sinn net virgesinn. Mee villäicht ännert dat sech jo nach am Laf vun de nächste Joren an et ass jo eréischt déi éischte Kéier datt d'EU Organic Awards organiséiert ginn.