Wat een en Hausdéier méi laang huet, wat een sech selwer och ëmmer besser auskennt a mierkt wann eppes net stëmmt. A wann een dann emol iwwerfrot ass, dann ass et ëmmer gutt den Déierendokter unzeruffen oder opzesichen. d'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet haut e Fall derbäi wou een och zweemol huet missten nodenken, wat beim Hond schif leeft.

Dem Harry, engem kapitale Berner Sennehond vu siwe Joer, seng Leit haten hien an d´Consultatioun bruecht, well si gemengt haten, hien Rheuma. Zanter e puer Deeg koum de schwéiere Luppes net méi aus sengem Kierfchen op. Just Friessen ass nach gaangen, awer mat der Gamelle nieft sengem Këssen. A well hien gebierelt huet vu Péng wann een un egal wéi ee Gelenk komm ass, war eppes wéi Rheuma als Ursaach emol net esou wäit hiergeholl.

22-09-2022 Déierentipp - Romi Roth - Borrelios - Diagnos

An eng Borrelios, déi geet dach och un d´Gelenker. A well den Harry, deen ausser Friessen näischt léiwer mécht wéi am Gaart bei enger Heck ze leien an op alles opzepassen, wou vill Zecken laueren, hate seng Leit hien sécherheetshallwer géint d'Borelios geimpft.

Mais et gëtt ewell 5! Kränkten, déi och hei duerch Zecken iwwerdroe ginn. An d´Bluttënnersichung, déi keng Hiweiser op Rheuma ginn huet, war och negativ op d´Borreliose. Op eng aner Zeckenkränkt awer, nämlech d´Anaplasmos, déi och vun eiser Haptzeck, dem Gemengen Holzbock iwwerdroe gëtt war hien staark positiv. Dat ass eng Krankheet, déi iwwer Bakterien kennt, déi un di wäiss Bluttkierpercher ginn a mat deenen dann an d´Gelenker, d´Lymphkniet an déi bannescht Organer. Mat Antibioticken a Medikamenter géint d´Entzündung a Form vu Pellen a mat Sprëtzen iwwert dräi Wochen, war de Harry dunn erëm an der Rei a prett fir hannescht a säin Gaart.

22-09-2022 Déierentipp - Romi Roth - Borrelios - Traitement