De Weltraumteleskop James Webb huet haut eng nei spektakulär Opnam vum Planéit publizéiert.

Den Neptun ass dee 4. gréissten a leschte Planéit vun eisem Sonnesystem, ronn 58 mol de Volume vun der Äerd a ronn 4,5 Milliarde Kilometer vun der Sonn ewech. Eis Äerd, als Verglach: 150 Millioune Kilometer. A wat déi mannst vun eis wuel wëssen: Net nëmmen de Saturn huet Réng, och den Neptun. An déi kann een elo neierdéngs ganz kloer erkennen.

RTL

Dem Weltraumteleskop James Webb, benannt nom fréieren NASA-Administrateur James Edwin Webb, war op Chrëschtdag zejoert u Bord vun enger Ariane-Rakéit an de Weltall gestart. Mëtt Juli waren déi éischt Opnamen aus den Déifte vum Universum geliwwert ginn an haut koum elo d'Bild vum Äisris mat senge Réng. Och d'Stëbsbänner ronderëm si gutt z'erkennen. Eng dënn hell Linn ëm den Äquator kéint och en Indice fir déi atmosphäresch Zirkulatioun sinn, déi Stierm a Wand vum Planéit undreift. D'Opname géingen op alle Fall op eng ongewéinlech Hellegkeet an der Regioun hindeiten.
"Faszinant !" ... wéi de Mr. Spock géing soen.