Vun haut u ginn um Eiffeltuerm d'Luuchte schonn um 23:45 aus.

23/09/2022 Manner Geliits zu Paräis

Och an der Stad vun der Léift huet d'Energiekris Auswierkungen. Bis ewell konnt een bis 1 Auer nuets all Stonn déi 20.000 Luuchten um Eiffeltuerm blénke gesinn - e beléifte Moment fir all Touriste-Smartphone. Vun haut den Owend un bleift en dann awer schonn um 23:45 däischter. Och d'Beliichtung vun ëffentleche Gebaier gëtt um 22.00 ausgeschalt, esou gesäit et den Energiespuerplang vun der Stad Paräis neierdéngs vir.

RTL

© pixabay

Och op de Champs-Elysées ass et owes an nuets manner hell. Butteker an Etablissementer sollen hir Liichtreklammen tëscht 22.00 a 7:00 ausmaachen, Ausnam si Restauranten a Kinoen, déi méi laang op hunn. Dëse Grondsaz gëllt spéitstens vum 15. Oktober un. An da si mer net méi wäit vum Dezember: D'Chrëschtdagsbeliichtung soll zu Paräis um 23:45 ausgeknipst ginn, bis ewell konnt ee se bis 2:00 bewonneren. A se wäert neierdéngs nëmmen nach 6 amplaz 7 Wochen installéiert sinn an zwar vum 20. November bis 2. Januar. Op dës Manéier ka bis zu 44% Stroum gespuert ginn.