Stand-up Comedy, Sangen a Songwriting an 30 Joer "Moof" war de Mix gëschter am LIVE! planet people. Den Dan Spogen hat sech dofir den Gregory Melmer, den Dennis Mansfeld an den Alex Heyar an d'Sendung invitéiert.

RTL

De Greg Melmer bréngt d'Leit gär zum laachen. Op an der Ligue d'impro oder als Comedian beim "Relais du rire", deen haut um 20h am "Aalt Stadhaus" zu Déifferdeng organiséiert gëtt. Et ass déi 4. Editioun vun där Soirée mam Alex Monteiro, Ben Is, Sofiane Ettaï, Rach Calame a Julien Strelzyk zu Gonschten vun der "Fondation Cancer".

01-10-2022 LIVE (1) Gregory Melmer
RTL
RTL

Den Dennis Mansfeld war am Fréijoer a Summer mam Sarah Connor op Tournée, a säin aktuelle Video heescht "I wish I was a DJ". De Sänger deen zu Hamburg gebuer ass, an zu Mallorca opgewuess ass hält et ni laang op enger Plaz. Zu London war hien Stroossemuseker, zu New York huet hien als Session Sänger a Songwriter geschafft a gelieft.

01-10-2022 LIVE (2) Dennis Mansfeld
RTL
RTL

Den Alex Heyar feiert mat "Moof" 30 Joer Rockgeschicht. An der Original Besetzung stinn si den Owend zu Éilereng am Kulturschapp zesummen mat den Kneipenterroristen op der Bün, an duerno gëtt virun un der neier CD geschafft.

01-10-2022 LIVE (3) Moof
RTL